Nassogne
Ausgesinn
Nassogne ass den Numm vun enger belscher Uertschaft a Gemeng an der Provënz Lëtzebuerg, Arrondissement Marche-en-Famenne.
Den 1. Juli 2005 hunn hei 4.925 Awunner op 11,96 km² gelieft.
Aner Uertschaften an der Gemeng
Ambly, Bande, Forrières, Grune, Harsin, Lesterny a Masbourg.
Zu Bande goufe wärend der Ardennenoffensiv, op Chrëschtowend, 34 jonk Manner vun den Däitschen erschoss.
Zu Forrières stinn Dolmen, am Volleksmond Pierres du Diable genannt.