Op den Inhalt sprangen

Dunkerque

Vu Wikipedia
Dunkerque
d'Stadhaus, Rigodon an der Fuesent, de Memorial vun der Opération Dynamo, d'Statu vum Jean Bart, de Containerquai am Mierhafen, d'Arrivée bei de Quatre jours de Dunkerque 2010 an d'Plage vu Malo-les-Bains.

d'Stadhaus, Rigodon an der Fuesent,
de Memorial vun der Opération Dynamo,
d'Statu vum Jean Bart,
de Containerquai am Mierhafen,
d'Arrivée bei de Quatre jours de Dunkerque 2010
an d'Plage vu Malo-les-Bains.
d'Stadhaus, Rigodon an der Fuesent,
de Memorial vun der Opération Dynamo,
d'Statu vum Jean Bart,
de Containerquai am Mierhafen,
d'Arrivée bei de Quatre jours de Dunkerque 2010
an d'Plage vu Malo-les-Bains.
Land Frankräich
Regioun Schabloun:Nord-Pas-de-Calais-Picardie
Departement Nord
Arrondissement Dunkerque
Kanton Dunkerque-1
Dunkerque-2
Grande-Synthe
Gemengecode 59183
Koordinaten _ _N_0 _0 _ _O_{{{9}}} 50°  ’  ’’ N
      0 ° 0 ’  ’’ O
Fläch  4 389 ha
Bevëlkerung  89.882 (1. Januar 2013)

Dunkerque ass eng franséisch Stad a Gemeng, sous-préfecture vum Departement Nord. Mat 89.882 Awunner (1. Januar 2013) ass Dunkerque déi fënneftgréisst Stad an der Regioun Nord-Pas-de-Calais-Picardie. Se läit am Zentrum vun der Communauté urbaine de Dunkerque Grand Littoral, an där 17 Gemengen zesummegeschloss sinn, a woura ronn 200.000 Leit liewen. Dunkerque ass auuserdeem déi nërdlechst Stad a Frankräich, just 10 km vun der belscher Grenz ewech

Geschicht

D'Geschicht vun Dunkerque ass enk mam Nordmier verbonnen. Et gouf virun iwwer dausend Joer als Fëscherduerf, op enger Sandbänk, gegrënnt. Nodeems eng Kapell do opgeriicht gouf, krut et säin hollänneschen Numm: Duinkerk- "Düne-Kierch". Während senger Geschicht huet Dunkerque zu der Grofschaft Flandern, dem Kinnekräich Spuenien, dem engleschen a franséische Kinnekräich gehéiert. De 25. Juni 1658 huet d'Stad dräimol hir Nationalitéit gewiesselt. Nodeems de 27. Oktober 1662 de Louis XIV. et vum englesche Kinnek [[Charles II. vun England{Charles II.]] ofkaaft hat, gouf Dunkerque definitiv franséisch. De Vauban huet et dann och huerteg zu enger imposanter Festungsstad ausgebaut. Zu där Zäit huet och de bekannte Korsar Jean Bart do gelieft. Während der Franséischer Revolutioun krut d'Stad den Numm Dune libre. Am Eischte Weltkrich gouf Dunkerque a säin Hafen uerg vun däitscher Säit bombardéiert. Am Laf vum Zweete Weltkrich, koum et do zu der Opération Dynamo an der Belagerung vun Dunkerque.

De Mierhafen (Grand port maritime de Dunkerque) ass deen Drëttgréisste vu Frankräich an och dee gréissten Employeur. Eng jett Industrien hu sech do néiergelooss, wéi Arcelor Mittal, Air liquide, Europipe oder petrochemesch Installatiounen.

De Carnaval de Dunkerque ass iwwer d'Stad eraus bekannt, en zitt sech bal 2 Méint laang duerch d'Fueszäit.

Geographie

Kultur

Verkéier

Kuckeswäertes

  • Den Tour du Leughenaer, (Tuerm vum Ligener) aus dem 15. Jh.
  • D'Kapell Notre-Dame-des-Dunes aus dem 15. Jh.
  • D' Kierch Saint-Éloi aus dem 16. Jh., amt enger neigotescher Fassad aus dem 19.
  • De Beffroi Saint Eloi aus dem 13. - 15. Jh. Uewenop ass e Carillon mat 50 Klacken.
  • D' Porte de la Marine, eng Paart vun der Vaubansfestung.
  • Den Hafemusée am Bassin du Commerce
  • De Mémorial du Souvenir iwwer d'Schluecht vun Dunkerque an d' Operation Dynamo.
  • e puer Konschtmuséeën
360°-Panorama vun Dunkerque.

Um Spaweck

Commons: Dunkerque – Biller, Videoen oder Audiodateien