Aumetz
| |||||
---|---|---|---|---|---|
D'Stadhaus zu Aumetz | |||||
Land | Frankräich | ||||
Regioun | Grand Est | ||||
Departement | Moselle | ||||
Arrondissement | Thionville | ||||
Kanton | Algrange | ||||
Postcode | 57710 | ||||
Gemengecode | 57041 | ||||
Koordinaten | 49° 25’ 07’’ N 05° 56’ 43’’ O | ||||
Fläch | 10,35 km² ha | ||||
Bevëlkerung | 2 225 (1999) |
Aumetz ass eng franséisch Uertschaft a Gemeng am Arrondissement Thionville am Departement Moselle an der Regioun Elsass-Champagne-Ardenne-Loutrengen. De Postcode ass 57710.
Aumetz huet 1.035 ha, 1999 hunn do 2.225 Awunner (Aumessois op Franséisch) gelieft.
D'Uertschaft gouf fir d'éischt am Joer 636 als Talmatio an 933 dann als Almas ernimmt. Den Numm huet näischt mat der Stad Metz ze dinn, a leet sech aus dem laténgeschen alta mansium (en Heem dat héich läit) of. Am Mëttelalter louch Aumetz am däitsche Sproochgebitt. Vu 1766 un, gehéiert d'Uertschaft zu Frankräich. Tëscht 1871 an 1918 war d'Uertschaft en Deel vum "Reichsland" Elsass-Loutrengen am Däitsche Räich.
Kuckeswäertes
- De Musée de la Mine
Nopeschuertschaften
- Audun-le-Tiche am Norden
- Bure (Moselle) am Osten
- Ludelange am Südosten
- Beauvillers am Südsüdwesten
- Crusnes am Nordwesten
Jumelagen
Aumetz ass jumeléiert mat Idrija a Slowenien, a mat dem Canton des Trois-Moutiers am Departement Vienne
Kuckt och
- Departement Moselle
- Arrondissementer am Departement Moselle
- Kantonen am Departement Moselle
- Lëscht vun de Gemengen am Departement Moselle
Um Spaweck
Commons: Aumetz – Biller, Videoen oder Audiodateien |