Artois
Ausgesinn
Den Artois ass eng fréier Grofschaft am Norde vum haitege Frankräich (Nord-Pas-de-Calais). Haaptstad ass Arras. D'Nopeschgebidder si Franséisch Flanderen (Lille), de Franséischen Hainaut (Valenciennes), d'Picardie (Amiens) an de Boulonnais (Boulogne-sur-Mer).
Den Artois huet laang zum Ensembel vun de burgundeschen an duerno spueneschen Nidderlande gehéiert, ier en am Pyreneeësche Fridden 1659, wéi och Deeler vum Herzogtum Lëtzebuerg (Montmédy, Raville, Diddenuewen...), vum Kinnek Louis XIV. annektéiert gouf.