Boris Johnson
Den Alexander Boris de Pfeffel Johnson, gebuer den 19. Juni 1964 zu New York City, ass e britesche Publizist, Politiker (Conservative Party) an zanter dem 24. Juli 2019 Premierminister vum Vereenegte Kinnekräich.[1]
Hie war vun 1989 bis 1994 Korrespondent vum Daily Telegraph zu Bréissel, a vun 1999 bis 2005 Editeur vun der konservativer Zäitschrëft The Spectator. Hie war vun 2001 bis 2008 a vun 2015 bis 2019 Deputéierten am House of Commons. Vu Mee 2008 bis Mee 2016 war hie Buergermeeschter vu London, a vu Juli 2016 bis Juli 2018 briteschen Ausseminister.
Den Johnson huet, virum Referendum vum 23. Juni 2016 Kampagne fir den Austrëtt vum Vereenegte Kinnekräich aus der EU ("Brexit") gemaach, gouf awer net, wéi vun him erhofft, Nofolger vum David Cameron, mee Ausseminister an der Theresa May hirer Regierung. No där hirem Récktrëtt gouf hien den 23. Juli 2019 zum neie President vun der Conservative Party gewielt, an deen Dag drop vun der Queen zum neie Premierminsiter ernannt.
Publikatiounen
- Johnson’s Column. Continuum International – Academi, ISBN 0-8264-6855-1.
- 2001: Friends, Voters, Countrymen: Jottings on the Stump HarperCollins, ISBN 0-00-711913-5.
- 2003: Lend Me Your Ears. HarperCollins, ISBN 0-00-717224-9.
- 2004: Seventy-Two Virgins. HarperCollins, ISBN 0-00-719590-7.
- 2005: The New British Revolution. HarperCollins, ISBN 0-00-717225-7.
- 2006: The Dream of Rome. HarperCollins, ISBN 0-00-722441-9.
- 2011: Johnson’s Life of London. HarperPress, ISBN 0-00-741893-0.
- 2014: The Churchill Factor: How One Man Made History. Hodder & Stoughton General Division, ISBN 978-1-4447-8305-6.
Um Spaweck
Commons: Boris Johnson – Biller, Videoen oder Audiodateien |
- The Rt Hon Boris Johnson MP gov.uk (englisch)
Schabloun:Navigatioun britesch Premierministeren
Referenzen
- ↑ Grossbritannien lässt sich auf ein riskantes Abenteuer ein, In: NZZ.ch, 23. Juli 2019.