Bossa Nova
D'Bossa Nova ass e südamerikanesche Museksstil an Danzstil, deen 1958 aus enger Mëschung tëscht der Samba an dem Jazz zu Rio de Janeiro a Brasilien entstanen ass.
Stilistesch baut d'Bossa nova engersäits op klassesch Harmonien op, anerersäits op verjazzte Sambarhythmen, soudatt eng méi roueg, méi intellektuell Musek entstanen ass, déi sech kloer vun der Karnavalsamba a vun de südamerikanesche Balladen ofhieft.
Geschicht
Dräi Museker sti Papp vun dësem "neien Déngen" (dat bedeit Bossa nova op Brasilianesch): de Gittarist João Gilberto, de Pianist Tom Jobim[1] an den Dichter Vinícius de Moraes[2]. Am August 1958 koum den Album "Chega de Saudade" eraus, op deem de João Gilberto Kompositioune vum Tom Jobim a vum Vinicius de Moraes interpretéiert an der Welt d'Bossa nova presentéiert.
1959 huet de Marcel Camus dozou bäigedroen, d'Bossa nova weltwäit bekannt ze maachen duerch de Succès vu sengem Film Orfeu Negro[3], an deem d'Bossa nova-Lidd Felicidade eent vun den Haaptlidder vum Film war.
Bossa nova lauschteren
Bekannt Bossa nova-Interpreten
- João Gilberto
- Antonio Carlos Jobim
- Vinicius de Moraes
- Bogdan Plech
- Astrud Gilberto
- Bogdan Plech
- Sergio Mendes
- Elis Regina
- Baden Powell
- Stan Getz
- Caetano Veloso
- Luiz Bonfá
Referenzen
- ↑ Den Antônio Carlos Jobim gouf Tom Jobim genannt, portugisech ausgeschwat: "Ton" Jobim. D'Bedeitung vun deem Museker fir Brasilien weist sech dorun, datt den internationale Fluchhafe vu Rio de Janeiro / Galeão no him genannt gouf: Antônio Carlos Jobim International Airport
- ↑ De Vinícius de Moraes war zanter 1943 och Diplomat, 1946 gouf hie Vizekonsul zu Los Angeles.
- ↑ Orfeu Negro krut d'Palme d'or um Festival International du Film de Cannes a war eng franséisch-italieenesch-brasilianesch Koproduktion.
Um Spaweck
Commons: Bossa Nova – Biller, Videoen oder Audiodateien |