Op den Inhalt sprangen

Naturwëssenschaft

Vu Wikipedia
Dëse Wëssenschaftsartikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.

Naturwëssenschafte befaasse sech mat der onbeliefter a beliefter Natur, versichen déi ze beschreiwen an z'erklären. Déi traditionell Gebidder vun den Naturwëssenschaften – Physik Chimie Biologie – beaflossen och haut nach nohalteg d'Bild vun den Naturwëssenschaften. Hautdesdaags gëtt de Begrëff Naturwëssenschafte méi wäit gefaasst.

D'Naturwëssenschafte stinn no der traditioneller Opfaassung de Geeschteswëssenschaften an de Sozialwëssenschaften géintiwwer. Allerdéngs ass déi Zweedeelung vun de Wëssenschaften an zwou Kategorien haut net méi aktuell: als prominent Beispiller fir Wëssenschaften, déi weder als Natur- nach als Geeschteswëssenschaft anzeuerdne sinn, gëllen d'Mathematik nieft der Informatik, déi zu de Strukturwëssenschafte gehéieren.