Schlënnermanescht
Schlënnermanescht | |
---|---|
Aussprooch | |
An anere Sproochen |
fr: Schlindermanderscheid de: Schlindermanderscheid |
Land | Lëtzebuerg |
Kanton | Dikrech |
Gemeng | Buerschent |
Buergermeeschter | Annie Nickels-Theis |
Awunner | 144 |
01.06.2021 | |
Héicht | 400 m |
Koordinaten |
49° 55’ 55’’ N 06° 03’ 39’’ O |
Schlënnermanescht ass eng Uertschaft an der Gemeng Buerschent.
Zu Schlënnermanescht gëtt et e Keelenzenter.
Geographie
D'Uertschaft läit op enger Héicht vu ronn 380 Meter (Duerschschnëtt am Duerf), um lénksen Uwänner vun der Sauer. Déi héchst Plaz um Flouer ass op der Héicht mat 471 Meter, an déi déifst ënner dem Schlënnerbierg op der Sauer mat ongeféier 230 Meter.[1]
Um Flouer vu Schlënnermanescht hunn eng Dose kleng Baachen, déi all vu lénks an d'Sauer lafen, hir Quell. Dräi dovu sinn op der topographescher Kaart mat hirem Numm ogedroen, d'Géischelterbaach, d'Schlënner an d'Tälerbaach.
Triviales
Schlënnermanescht a Buerschent ginn am Michel Rodange sengem zweete Gesank vum Renert ernimmt.
De Renert wunnt op der Buerg Malpaartes. Malpaartes ass e Flouernumm zu Schlënnermanescht, an zwar den ëstlechen Hank mat Bëscher, tëscht Rëmelesch a Kampeschdell deen op d'Schlënner erofgeet.
De Bier gouf op Feischent ferm gebeetscht. Feischent läit um rietsen Uwänner vun der Sauer. De Bauerenhaff vun deem am Gesank rieds geet ass de Féischterhaff bei Buerschent.
Kuckt och
- Kierch Schlënnermanescht
- Lëscht vun de Lëtzebuerger Gemengen
- Lëscht vun de Lëtzebuerger Uertschaften
- Lëtzebuerger Kantonen
- Entwécklung vun der Gemengenzuel zu Lëtzebuerg
- Lëscht vun de Lëtzebuerger Stied
Um Spaweck
Commons: Schlënnermanescht – Biller, Videoen oder Audiodateien |
- Websäit vun der Gemeng Buerschent
- Claude Faber, Flouernimm - An der Schlënner op 100komma7.lu den 21. August 2020, gekuckt den 21. August 2020
Referenzen
- ↑ Den nooste Punkt op der topographescher Kaart laanscht d'Sauer, deen eng Héicht ugëtt, ass op der Kräizung vum CR320 mat der Nationalstrooss 27 op der Sektiounsgrenz mat 232 Meter