Jitzchak Herzog
Ausgesinn
Jitzchak Herzog | |
---|---|
Gebuer | 22. September 1960 |
Nationalitéit | Israel |
Educatioun |
Universitéit vun Tel Aviv, Cornell University, New York University |
Aktivitéit | Politiker, Affekot |
Famill | |
Papp | Chaim Herzog |
De Jitzchak "Buji" Herzog (Hebräesch: יצחק הרצוג, op Englesch als Isaac "Bougie" Herzog transkribéiert), gebuer den 22. September 1960 zu Tel Aviv, ass en israeeleschen Affekot a Politiker. Hien ass zanter dem 9. Juli 2021 Staatspresident vun Israel.
2003 gouf hie fir d'éischt an d'Knesset gewielt. Hie war e puermol fir kuerz Zäit Minister a verschiddene Refgierungen. Hie war vun 2013 bis 2017 Presidnet vun der Aarbechterpartei Awoda a war Spëtzekandidat vun der Mëtt-lénks-Oppositionsvereenegung Zionistesch Unioun bei der Knessetwal am Mäerz 2015 géint de Premier Benjamin Netanjahu. 2018 gouf e President vun der Jewish Agency for Israel.
Hien ass de Bouf vum fréiere Staatspresident Chaim Herzog.
Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]Commons: Isaac Herzog – Biller, Videoen oder Audiodateien |