Bossa Nova
D'Bossa nova ass e südamerikanesche Museksstil, dee 1958 aus engem Metissage tëschent der Samba an dem Jazz zu Rio de Janeiro a Brasilien entstanen ass.
Stilistesch baut d'Bossa nova engersäits op klassesch Harmonien op, anerersäits op verjazzte Sambarhythmen, sou dass eng méi roueg, méi intellektuell Musek entstanen ass, déi sech kloer vum Karnavalsamba a vun de südamerikanesche Balladen ofhiewt.
Geschicht
3 Museker stinn Papp vun dësem "neien Déngen" (dat bedeit Bossa nova op Brasilianesch): de Gittarist João Gilberto, de Pianist Tom Jobim[1] an den Dichter Vinícius de Moraes[2]. Am August 1958 koum den Album "Chega de Saudade" raus, op dem de João Gilberto Kompositioune vum Tom Jobim a vum Vinicius de Moraes interpretéiert an der Welt d'Bossa nova presentéiert.
1959 huet de Marcel Camus dozou bäigedroen, d'Bossa nova weltwäit bekannt ze maachen duerch de Succès vu sengem Film Orfeu Negro[3], an dem d'Bossa nova-Lidd Felicidade ee vun den Haaptlidder vum Film war.
Bossa nova lauschteren
Bekannte Bossa nova-Interpreten
- João Gilberto
- Antonio Carlos Jobim
- Vinicius de Moraes
- Astrud Gilberto
- Sergio Mendes
- Elis Regina
- Baden Powell
- Stan Getz
- Caetano Veloso
- Luiz Bonfá
Referenzen
- ↑ Den Antônio Carlos Jobim gouf Tom Jobim genannt, portugiesech ausgeschwat: "Ton" Jobim. D'Bedeitung vun desem Museker fir Brasilien weist sech dorunner, dass den internationale Flughafen vu Rio de Janeiro / Galeão no him benannt gouf: Antônio Carlos Jobim International Airport
- ↑ De Vinícius de Moraes war zënter 1943 och Diplomat, 1946 gouf hien Vize-Konsul zu Los Angeles.
- ↑ Orfeu Negro krut d'Palme d'or um Festival International du Film de Cannes a war eng franséisch-italienesch-brasilianesch Koproduktion.