Edmond de la Fontaine
Dësen Artikel iwwer en Auteur ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran. |
Den Edmond de la Fontaine, genannt Dicks, gebuer de 24. Juli 1823 an der Stad, um Knuedler, a gestuerwen de 24. Juni 1891 zu Veianen, war Jurist an Auteur vu lëtzebuergesche Kaméidistécker, Gedichter a Lidder.
De Spëtznumm Dicks krut hien, wéi en däitsche Politiker bei sengem Papp op Besuch war. Wéi deen de klengen Edmond am Haus spille gesinn huet, frot hien: "Was ist denn das für ein lustiges Dickeschen?" Vun deem Dag un, hu seng Eleteren hien Dickeschen genaant, woraus spéider Dicks gouf.
Säi Liewen
De Lucien-Irvin-Edmond de la Fontaine war den drëtte Jong vum Gaspard Théodore Ignace de la Fontaine an der Joséphine Francq. 1841 gëtt dem Dicks säi Papp vum Kinnek Wëllem II. vun Holland zum Gouverneur vum Groussherzogtum Lëtzebuerg ernannt.
Nodeems den Dicks 1844 seng Première am Kolléisch gepackt huet, geet hien op d'Universitéite vu Léck an Heidelberg studéieren. Am Juli 1847 verléisst en d'Uni. Nodeems hien 1850 den Eed als Affekot geleescht hat, gëtt hien 1852 zum zweeten Ergänzungsriichter um Friddensgeriicht an der Stad ernannt, ee Joer drop zum éischten.
Obschonns hien aus enger aristokratescher Famillje gestaamt huet, war hien ëmmer no beim normale Vollek. Niewent senger Léift zur Musek, Poesie an der lëtzebuergescher Kulturgeschicht, hat och de Phenomen vum Perpetuum Mobile him et ugedoen. Sou hat hie sech seng eegen Nätzanlag, mat Waasser aus engem Nopeschbaach, fir säi Gaart gebastelt.
Zu Réimech hat hien, ouni Succès, eng Wiewerei opgemaach.
Vun 1867 bis 1870 war den Dicks Buergermeeschter vu Stadbriedemes. Hien huet mat senger Fra Pauline Dutreux am Schlass gewunnt.
De 5. Januar 1881 gëtt hien zum Friddensriichter vum Kanton Veianen ernannt. Hien huet bis zu sengem Doud 1891 zu Veianen gewunnt. Zwee Joer méi spéit gi seng stierflech Reschter op Stadbriedemes iwwerfouert, wou se am Familljegraf bäigesat goufen.
Si haten zwee Jongen, den Alfred an den Adrien, an e Meedchen, d'Eugénie.
Hien ass de Brudder vum Alphonse de la Fontaine a vum Léon de la Fontaine.
Säi Wierk
Gedichter
- De 5. November 1848 publizéiert de Volksfreund e satirescht Gedicht, dat op eng genësslech Aart a Weis de Spunnes mat dem parlamentaresche System mécht, et ass D'Fulleparlamènt am Gréngewald.
- Aus dem Vulleparlament:
- "'T gêt ânescht", rift ên: "Kukrukûon!
- "Ech sin iwer iéch all den Huôn:
- "Get, get ûocht!
- "Ech hun d'Constitutio'n gelûocht!
- Dat war natierlech eng batter Pëll, an den Dicks, als Gouverneursjong, gouf domat op eng speziell Manéier séier bekannt.
Am Ganzen huet den Dicks tëscht 1848 an 1885 eng 60 Gedichter geschriwwen, niewent dem Vulleparlament ass De Wellefchen an de Fîschen ("De Wëllefchen an de Fiisschen") wuel am bekannsten.
Seng "Koméidéistécker"
- De Scholtscheîn ("De Scholdschäin"), fir d'éischt opgefouert vun der Gym, de 25. Februar 1855; publizéiert 1856.
- De Koséng ("De Koseng"), fir d'éischt opgefouert den 22. Abrëll 1855, publizéiert 1856.
- D'Mumm Sěs ("D'Mumm Séis"), fir d'éischt opgefouert den 11. November 1855, publizéiert 1856.
- D'Kirmesgèscht ("D'Kiermesgäscht"), fir d'éischt opgefouert den 30. August 1856, publizéiert 1856.
- De Ramplassang, fir d'éischt opgefouert den 22. November 1863, publizéiert 1864.
- Op der Juocht ("Op der Juegd"), fir d'éischt opgefouert den 18. Abrëll 1870, publizéiert 1870.
- De Gréngor, fir d'éischt opgefouert den 28. Januar 1877, publizéiert 1879.
- Den Hèr an d'Madamm Tullepant ("Den Här an d'Madamm Tullepant"), publizéiert 1879.
- En As Rosen ("En ass rosen"), publizéiert 1885.
- Nondi Kass!, publizéiert 1903.
- Eng Stemmonk ("Eng Stëmmung").
- De Scho'ster Bo'bo' ("De Schouster Boubou"), Fragment.
- Um Friddensgerîcht ("Um Friddensgeriicht"), aus dem Nolooss.
- De Weîszert oder De Feianer Weîszert ("De Veianer Wäissert"), publizéiert 1890.
Seng Fuerschungsaarbechten
- Versuch über die Orthographie der luxemburger-deutschen Mundart. Luxemburg: V. Bück, 1855, 15 S.
- Die Luxemburger Sprichwörter und sprichwörtlichen Redensarten. 2 Bände. 1. Theil: Sprichwoerter. 2. Theil: Sprichwoertliche Redensarten. Luxemburg: V. Bück, 1857-1858.
- Weberei in Remich, Luxemburg: Bück, 1860, 12 S.
- Die Weinberge und die Catasterrevision. Luxemburg: V. Bück, 1867, 19 S. (Separat-Abdr. aus den Annalen des Acker- und Gartenbau-Vereins des Grossherzogthums Luxemburg).
- Quelques observations sur le régime de nos rivières navigables. Luxembourg: J. Joris, 1876, 32 S.
- Stadtbredimus. Historische Notizen. Publications de la Section historique, XXIII, 1868, S. 164-181.
- Die luxemburger Kinderreime, Luxemburg: Bück 1877, 62 S. (Scan on Commons)
- Luxemburger Sagen und Legenden. Luxemburg: Jos. Beffort, 1882, 187 S.
- Luxemburger Sitten und Bräuche, Luxemburg: Brück 1883, 168 S.
- Vianden et ses environs. Luxembourg: L. Schamburger, 1885, 67 S.
- Die deutsche Götterwelt im Luxemburger Lande. Publications de la Section historique, LIII, 1906, S. 5-286.
Literatur
- Dicks (Edmond de la Fontaine): Gesamtwierk, 3 Bänn. Editions J.-P. Krippler-Müller, 1981-1982 (=Klassiker vun der Lëtzebuerger Literatur, véierte Band).