Lëtzebuerg Privat
Dësen Artikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran. |
Lëtzebuerg Privat ass eng däitschsproocheg "onofhängeg Wochenzeitung fir Lëtzebuerg".
Déi éischt Nummer koum den 3. November 2006 eraus. Den Editeur a Chefredakter ass de Jean Nicolas an de Chefredakteur-adjoint den Heinz Kerp. D'Nummer 7 vu Mëtt Dezember 2006 hat eng Oplo vu 25.000 a war 12 Säiten déck. Am Joer 2008 ass d'Oplo op 30.500 erhéicht ginn.[1]
D'Opmaachung ass typesch fir eng Boulevardzeitung, an de Stil erënnert däitlech un dee vun der däitscher Bild-Zeitung.
Kritik
Ufanks Mäerz 2007 gouf vun der Lëtzebuerger Internet-Community, als Protest géint d'Verbreedung vun Lëtzebuerg Privat, eng Google-Bommbing-Aktioun gestart, wouduerch d'Websäit vun "Lëtzebuerg Privat" net méi als éischt Resultat op Google opgetaucht ass. Amplaz gouf eng satiresch Websäit ugewisen, déi op den éischte Bléck net esou z'erkenne war. Déi Aktioun gouf vu Google erëm réckgängeg gemaach.
Kritesch setzen sech och divers Internetsäiten mat der Zeitung auserneen, wéi z.B. Pianocktail.
Referenzen
- ↑ Quell?