Jan van Eyck
De Jan van Eyck (oder Johannes de Eyck), gebuer ëm 1385 zu Maaseik, gestuerwen den 9. Juli 1441 zu Bruges, war e flämesche Moler, deen zu deene gréisste Moler vum Spéitmëttelalter gezielt gëtt.
Nom Doud vum Johann III. vu Bayern, wou hien Haffmoler war, ass de van Eyck an deer selweschter Fonctioun bei de Philippe de Gudden an den Déngscht getrueden, deem säin Haff zu Lille war. Nieft senger Haaptaarbecht als Moler war hien och Decorateur, a Moler vu Schëlter, Fändelen a Statuen, an huet als geschéckten Diplomat déi eng oder aner Geheimmissioun fir de Philipp gemaach.
Seng Biller
Wann de van Eyck d'Uelegmolerei och net erfonnt huet, sou huet hien des Technik dach perfektionnéiert.
Zus enge bekannste Wierker zielen de Retabel aus der Kathedral vu Gent (D'Ubiede vum Mystesche Lamm) an de Portrait vun der Händlerkoppel Arnolfini (haut an der National Gallery zu London).