Ueschdref
Ausgesinn
Ueschdref | |
---|---|
D'Kierch iwwer den Diech vun Ueschdref (2015) | |
An anere Sproochen |
fr: Arsdorf de: Arsdorf |
Land | Lëtzebuerg |
Kanton | Réiden |
Gemeng | Rammerech |
Buergermeeschter | Toni Rodesch (CSV) |
Awunner | 340[1] |
01.01.2014 | |
Fläch | 1.528,4828 ha[2] |
Héicht | 437 m |
Koordinaten |
49° 51’ 38’’ N 05° 50’ 40’’ O |
Postcode | L-8808 |
Ueschdref ass eng Uertschaft an der Gemeng Rammerech.
Geographie
Ueschdref läit am Dall vun der Burbich op enger Héicht vu 418 Meter, Héicht op der Bréck vum CR309 iwwer d'Burbich. Soss ass d'Uertschaft nach un de Vekéier ugeschloss iwwer den CR313, deen op Heeschpelt féiert.
Déi fréier Gemeng
Bis zur Gemengefusioun am Joer 1978 war Ueschdref eng eegestänneg Gemeng, an hat zwou Kadastersektiounen, an zwar Ueschdref a Bilschdref. Déi al Gemeng hat eng Fläch vun 1 881,6316 ha.
Tëscht 1946 an 1965 gouf et an der fréierer Gemeng Ueschdref eng Museksgesellschaft d'Fanfare La Patrie Arsdorf-Bilsdorf, och nach Déi Wëll genannt.
Déi Ueschdrëffer Millen
Am Laf vun der Zäit sinn et zu Ueschdref véier Mille ginn:
- Ueschdrëffer Bannmillen
- Ueschdrëffer Loumillen
- Ueschdrëffer Luresmillen
- Ueschdrëffer Luxmillen
Literatur
- 1965-1990, 25e anniversaire du Syndicat d'initiative Arsdorf Bilsdorf, 1990. Les éditions 33 66 99 luxembourg, 268 S. Cote BNL: LB 9357.
Kuckeswäertes
Kuckt och
- Lëscht vun de Lëtzebuerger Gemengen
- Lëscht vun de Lëtzebuerger Uertschaften
- Lëtzebuerger Kantonen
- Entwécklung vun der Gemengenzuel zu Lëtzebuerg
- Lëscht vun de Lëtzebuerger Stied
Um Spaweck
Commons: Ueschdref – Biller, Videoen oder Audiodateien |
- Offiziell Säit vun der Gemeng Rammerech
- Fusiounsgesetz: Loi du 27 juillet 1978 portant fusion des communes de Arsdorf, Bigonville, Folschette et Perlé (fr)