Andrzej Żuławski
Ausgesinn
(Virugeleet vu(n) Andrzej Zulawski)
Andrzej Żuławski | |
---|---|
Gebuer |
22. November 1940 Lwiw |
Gestuerwen |
17. Februar 2016 Warschau |
Doudesursaach | Kriibs |
Nationalitéit | Polen, Frankräich |
Educatioun |
Institut des hautes études cinématographiques, Faculté des lettres de Paris |
Aktivitéit | Filmregisseur, Dréibuchauteur, Schrëftsteller, Televisiounsschauspiller, Filmschauspiller, Journalist |
Famill | |
Liewenspartner(in) | Sophie Marceau |
Den Andrzej Żuławski, gebuer den 22. November 1940 zu Lwów, a gestuerwen de 17. Februar 2016 zu Warschau, war e polnesche Filmregisseur, Auteur, Schauspiller an Dréibuchauteur.
Den Żuławski war de Jong vum polnesche Schrëftsteller an Diplomat Mirosław Żuławski. Hien ass zu Paräis op d'Uni gaangen a war och op der Filmhéichschoul IDHEC. No éischte Filmer a Polen huet hien duerno haaptsächlech a Frankräich Filmer gemaach. Bekannt Filmer vun him si L'important, c'est d'aimer (1975) mam Romy Schneider a Klaus Kinski souwéi Mes nuits sont plus belles que vos jours (1988) mam Jacques Dutronc a Sophie Marceau. Mat der Sophie Marceau (déi 25 Joer méi jonk ass) war hien eng 20 Joer zesummen, si hunn zesummen ee Jong.
Filmographie
[änneren | Quelltext änneren]als Regisseur (Kino)
[änneren | Quelltext änneren]- 1971: Trzecia część nocy
- 1972: Diabeł
- 1975: L'important c'est d'aimer, mam Romy Schneider a Klaus Kinski
- 1981: Possession, mam Isabelle Adjani an Heinz Bennent
- 1984: La femme publique, mam Valérie Kaprisky a Francis Huster
- 1985: L'amour braque, mam Sophie Marceau a Francis Huster
- 1988: Mes nuits sont plus belles que vos jours, mam Sophie Marceau a Jacques Dutronc
- 1989: Boris Godunow, mam Ruggero Raimondi
- 1991: La note bleue, mam Marie-France Pisier a Sophie Marceau
- 1996: Szamanka
- 2000: La fidélité, mam Sophie Marceau a Pascal Greggory
- 2015: Cosmos