Op den Inhalt sprangen

Ethan

Vu Wikipedia

Schabloun:Chemkëscht

Ethan ass e gesiedegten Kuelewaasserstoff aus der Famill vun den Alkanen. E kënnt am Sumpfgas, Äerdgas an an de Raffinerie- a Kokereigaser vir. Ethan ass e Bestanddeel vun de Brenngaser.

Physikalesch Esgenschaften

Ethan ass bei 0 °C an 1013 hPa am gasfërmege Zoustand an en huet kee Geroch a keng Faarf. En ass bësse méi schwéier wéi Loft, seng Dicht läit bei 1,05. Ethan léist sech schlecht am Waasser op, dofir awer ass en am Benzol gutt léislech. Wéi de Methan, ass och den Ethan schwéier ze verflëssegen, wéinst sengem nidderege Kachpunkt.

Chemesch Eegenschaften

Ethan ass liichtentzündlech a kann, mat Sauerstoff gemëscht, explodéieren. E brennt mat enger schwacher Flam. Bei der Verbrennung vum Ethan entsteet, wéi bei all Alkan, Waasser a Kuelendioxid.

Ethan forméiert mam Chlor a mam Brom duerch Substitutioun nei Produiten. Déi wichtest sinn déi chloréiert Substitutiounsproduiten wéi de Monochloroethan, den Dichloroethan, den Trichloroethan, den Tetrachloroethan, de Pentachloroethan a den Hexachloroethan.

Produktioun vum Ethan

Am Laboratoire:

Ethan kann ee mat der Elektrolys vun enger konzentréierter Natriumacetat-Léisung hirstellen. Dobäi entsteet un der Kathod Waasserstoff an un der Anod Ethan a Kuelendioxid.

Eng aner Méiglechkeet ass d’Wurtz-Reaktioun. Mat Monochloromethan a Natrium léisst sech Ethan gudd hirstellen.

Eng drëtt Method besteet doranner, Natriumpropanoat mat Natriumhydroxid ze hëtzen.

An der Industrie:

Aus Äerdgas kann e Ethan industriell hirstellen. Aner Methode sinn d’Pëtrolhydréierung an d’Kuelenhydréierung.

Uwendung

An der chemescher Industrie gëtt Ethan geholl fir Ethen hirzestellen. Eng Method dofir ass de Cracking. Bei iwwer 1000 °C gëtt den Ethan an Ethen a Waasserstoff ëmgewandelt.

Literatur

  • Brockhaus - Die Enzyklopädie: in 30 Bänden 21, neu bearbeitete Auflage Leipzig, Mannheim: F. A. Brockhaus 2005-06
  • Éditions A. De Boeck, Bruxelles, 1979, Chimie organique, A. Dessart - J. Jodogne - J. Paul

Um Spaweck

Commons: Ethane – Biller, Videoen oder Audiodateien