Ethan
Ethan | |
---|---|
Systemateschen Numm (IUPAC) | Ethan |
Trivialen Numm | Äthan |
Cheemesch Formel | C2H6 |
Ausgesinn / Geroch | Faarflose, gerochlose Gas |
Eegenschaften | |
Dicht | 1,36 g/l bei 0 °C, 1013 hPa |
Léislechkeet | 0,0602 g/l (bei 25 °C am Waasser) |
Agregatzoustand | gasfërmeg |
Molmass | 30,07 g/mol |
Schmëlzpunkt | -183 °C |
Kachpunkt | -89 °C |
Thermodynamesch Daten | |
Standard Formatiounsenthalpie ΔfH0
|
-84 KJ·mol−1 |
Standardentropie S0
|
230 J·K−1·mol−1 |
Verbrennungsenthalpie ΔcH0
|
-1560,7 KJ·mol−1 |
Weideres | |
Änlech Moleküllen | Methan Propan Butan |
Cheemesch Famill | Alkanen |
Ethan (oder Äthan) ass e gesiedegte Kuelewaasserstoff aus der Famill vun den Alkanen. E kënnt am Sumpfgas, Äerdgas an an de Raffinerie- a Kokereigaser vir. Ethan ass e Bestanddeel vun de Brenngaser.
Physikalesch Eegenschaften
[änneren | Quelltext änneren]Ethan ass bei 25 °C an 1013 hPa am gasfërmegen Zoustand an en huet kee Geroch a keng Faarf. En ass méi schwéier wéi Loft, seng Dicht läit bei 1,36 g/l. Ethan léist sech schlecht am Waasser, dofir awer ass en am Benzol gutt léislech. Wéi de Methan, ass och den Ethan schwéier ze verflëssegen, wéinst sengem nidderege Kachpunkt.
Cheemesch Eegenschaften
[änneren | Quelltext änneren]Ethan ass liicht brennbar a kann, mat Sauerstoff gemëscht, explodéieren. E brennt mat enger schwacher Flam. Bei der Verbrennung vum Ethan entsteet, wéi bei all Alkan, Waasser a Kuelendioxid[1].
Ethan bilt mat Chlor a mat Brom duerch Substitutioun nei Produkter. Déi wichtegst sinn déi chloréiert Substitutiounsprodukter wéi de Monochlorethan, den Dichlorethan, den Trichlorethan, den Tetrachlorethan, de Pentachlorethan a den Hexachlorethan.
Produktioun vum Ethan
[änneren | Quelltext änneren]Am Laboratoire:
Ethan kann een duerch Elektrolys vun enger konzentréierter Natriumacetat-Léisung hierstellen. Dobäi entsteet un der Kathod Waasserstoff an un der Anod Ethan a Kuelendioxid.
Eng aner Méiglechkeet ass d'Wurtz-Reaktioun. Mat Monochloromethan a Natrium léisst sech Ethan gutt hierstellen[1].
Eng drëtt Method besteet doran, Natriumpropanoat mat Natriumhydroxid ze hëtzen.
An der Industrie: Aus Äerdgas kann een Ethan industriell hierstellen. Aner Methode sinn d'Pëtrolhydréierung an d'Kuelenhydréierung.
Uwendung
[änneren | Quelltext änneren]An der cheemescher Industrie gëtt Ethan bei der Ethenproduktioun benotzt. Eng Method dofir ass de Cracking. Bei 500 °C bis 1000 °C gëtt den Ethan an Ethen an a Waasserstoff ëmgewandelt.
Literatur
[änneren | Quelltext änneren]- Éditions A. De Boeck, Bruxelles, 1979, Chimie organique, A. Dessart - J. Jodogne - J. Paul
Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]Commons: Ethane – Biller, Videoen oder Audiodateien |
- http://www.seilnacht.com/Chemie/ch_ethan.htm
- http://webbook.nist.gov/cgi/cbook.cgi?Name=ethane&Units=SI [28.02.2012]