Kepler-62
Numm | Kepler-62 |
Stärebild: | Lyra (Lyr) |
Daten | |
---|---|
Equinoxe | J2000.0 |
Rektaszensioun | 18h 52m 51.060s |
Deklinatioun | + 45° 20' 59.50" |
visuell Magnitude | + 13,8 mag |
Spektralklass: | K2V |
Astrometrie | |
Radial Vitesse: | |
Parallax | |
Distanz | zirka 1200 Lj. |
Absolut Hellegkeet | - 0,15 mag |
Physikalesch Eegeschaften | |
Mass: | 0,69 ± 0,02 |
Radius: | 0,64 ± 0,02 |
Uewerflächentemperatur | 4925 ± 70 |
Metallizitéit | -0,37 ± 0,04 |
Alter | 7±4 Mrd. |
Aner Bezeechnungen | |
2MASS | J18525105+4520595 |
KIC | 9002278 |
KOI | 701 |
De Kepler-62 ass e Stär mat der Spektralklass K2V am Stärebild Lyra. E steet 1200 Liichtjoer vun eis ewech an ass eppes méi kal wéi eis Sonn. Hie gëtt vun op d'mannst fënnef Exoplanéiten ëmkreest.
Planéitesystem
Den 18. Abrëll 2013 gouf vu Fuerscher vum Kepler-Weltraumteleskop bekannt, datt de Stär fënnef Planéiten huet. Si goufen all mat der Transitmethod entdeckt: Vun der Äerd aus gesinn zéien d'Planéiten eemol pro Ëmlaf virun hirem Stär laanscht. Dëst féiert zu engem Hellegkeetsënnerscheed, dee vum Kepler-Teleskop gemooss gëtt. D'Planéitemassen konnten bis elo nach net gemooss ginn, dofir sinn nëmmen ganz grouss iewescht Grenze bekannt.
Déi béid baussenzeg Planéiten, Kepler-62 e an Kepler-62 f, kënnten äerdähnlech sinn a Gestengs wéi och flëssegt Waasser op hirer Uewerfläch hunn.
Planéit | Mass (an Äerdmassen) |
Radius (an Äerdradien) |
Dicht (g/cm3) |
Ëmlaf zäit (Deeg) |
Grouss Hallefachs (AE) |
Bunnschréiegt (Grad) |
---|---|---|---|---|---|---|
b | <9 | 1,31 ± 0,04 | ? | 5,71493 | 0,0553 | 89,2 ± 0,4 |
c | <4 | 0,54 ± 0,03 | ? | 12,4417 | 0,0929 | 89,7 ± 0,2 |
d | <14 | 1,95 ± 0,07 | ? | 18,16406 | 0,120 | 89.7 ± 0,3 |
e | <36 | 1,61 ± 0,05 | ? | 122,3874 | 0,427 | 89,98 ± 0,02 |
f | <35 | 1,41 ± 0,07 | ? | 267,291 | 0,718 | 89.90 ± 0,03 |