Op den Inhalt sprangen

Kepler-62

Vu Wikipedia
Kepler 62
Kënschtleresch Duerstellung vum Kepler-62f
mam Kepler-62 am Hannergrond
Stärebild: Lyra (Lyr)
Daten (Equinoxe J2000.0)
Rektaszensioun 18h 52m 51.060s
Deklinatioun + 45° 20' 59.50"
Visuell Magnitude + 13,8 mag
Spektralklass: K2V
Astrometrie
Distanz zirka 1200 Lj.
Absolut Hellegkeet - 0,15 mag
Physikalesch Eegenschaften
Mass: 0,69 ± 0,02
Radius: 0,64 ± 0,02
Uewerflächentemperatur: 4925 ± 70
Metallizitéit: -0,37 ± 0,04
Alter: 7±4 Mrd.
Aner Bezeechnungen
2MASS: J18525105+4520595
KIC: 9002278
KOI: 701

De Kepler-62 ass e Stär mat der Spektralklass K2V am Stärebild Lyra. E steet 1200 Liichtjoer vun eis ewech an ass eppes méi kal wéi eis Sonn. Hie gëtt vun op d'mannst fënnef Exoplanéiten ëmkreest.

Planéitesystem

[änneren | Quelltext änneren]

Den 18. Abrëll 2013 gouf vu Fuerscher vum Kepler-Weltraumteleskop bekannt, datt de Stär fënnef Planéiten huet. Si goufen all mat der Transitmethod entdeckt: Vun der Äerd aus gesinn zéien d'Planéiten eemol pro Ëmlaf virun hirem Stär laanscht. Dëst féiert zu engem Hellegkeetsënnerscheed, dee vum Kepler-Teleskop gemooss gëtt. D'Planéitemasse konnte bis elo nach net gemooss ginn, dofir sinn nëmme ganz grouss iewescht Grenze bekannt.

Déi béid baussenzeg Planéiten, Kepler-62e a Kepler-62f, kéinten äerdänlech sinn a Gestengs wéi och flëssegt Waasser op hirer Uewerfläch hunn.

Verglach vun de Gréissten: D'Planéite Kepler-69c, Kepler-62e, Kepler-62f an eis Äerd. All Planéiten ausser der Äerd si kënschtleresch Virstellungen.
Planéit Mass
(an Äerdmassen)
Radius
(an Äerdradien)
Dicht
(g/cm3)
Ëmlaf
zäit

(Deeg)
Grouss
Hallefachs

(AE)
Bunnschréi
(Grad)
b <9 1,31 ± 0,04 ? 5,71493 0,0553 89,2 ± 0,4
c <4 0,54 ± 0,03 ? 12,4417 0,0929 89,7 ± 0,2
d <14 1,95 ± 0,07 ? 18,16406 0,120 89.7 ± 0,3
e <36 1,61 ± 0,05 ? 122,3874 0,427 89,98 ± 0,02
f <35 1,41 ± 0,07 ? 267,291 0,718 89.90 ± 0,03

Portal Astronomie