Op den Inhalt sprangen

Kepler-62

Vu Wikipedia
Versioun vum 09:39, 5. Dez. 2020 vum Les Meloures (Diskussioun | Kontributiounen) (Planéitesystem: Eifeler, replaced: nëmmen g → nëmme g using AWB).
Kepler 62
Kënschtleresch Duerstellung vum Kepler-62f
mam Kepler-62 am Hannergrond
Stärebild: Lyra (Lyr)
Daten (Equinoxe J2000.0)
Rektaszensioun 18h 52m 51.060s
Deklinatioun + 45° 20' 59.50"
Visuell Magnitude + 13,8 mag
Spektralklass: K2V
Astrometrie
Distanz zirka 1200 Lj.
Absolut Hellegkeet - 0,15 mag
Physikalesch Eegenschaften
Mass: 0,69 ± 0,02
Radius: 0,64 ± 0,02
Uewerflächentemperatur: 4925 ± 70
Metallizitéit: -0,37 ± 0,04
Alter: 7±4 Mrd.
Aner Bezeechnungen
2MASS: J18525105+4520595
KIC: 9002278
KOI: 701

De Kepler-62 ass e Stär mat der Spektralklass K2V am Stärebild Lyra. E steet 1200 Liichtjoer vun eis ewech an ass eppes méi kal wéi eis Sonn. Hie gëtt vun op d'mannst fënnef Exoplanéiten ëmkreest.

Planéitesystem

Den 18. Abrëll 2013 gouf vu Fuerscher vum Kepler-Weltraumteleskop bekannt, datt de Stär fënnef Planéiten huet. Si goufen all mat der Transitmethod entdeckt: Vun der Äerd aus gesinn zéien d'Planéiten eemol pro Ëmlaf virun hirem Stär laanscht. Dëst féiert zu engem Hellegkeetsënnerscheed, dee vum Kepler-Teleskop gemooss gëtt. D'Planéitemasse konnte bis elo nach net gemooss ginn, dofir sinn nëmme ganz grouss iewescht Grenze bekannt.

Déi béid baussenzeg Planéiten, Kepler-62e a Kepler-62f, kéinten äerdähnlech sinn a Gestengs wéi och flëssegt Waasser op hirer Uewerfläch hunn.

Verglach vun de Gréissten: D'Planéite Kepler-69c, Kepler-62e, Kepler-62f an eis Äerd. All Planéiten ausser der Äerd si kënschtleresch Virstellungen.
Planéit Mass
(an Äerdmassen)
Radius
(an Äerdradien)
Dicht
(g/cm3)
Ëmlaf
zäit

(Deeg)
Grouss
Hallefachs

(AE)
Bunnschréiegt
(Grad)
b <9 1,31 ± 0,04 ? 5,71493 0,0553 89,2 ± 0,4
c <4 0,54 ± 0,03 ? 12,4417 0,0929 89,7 ± 0,2
d <14 1,95 ± 0,07 ? 18,16406 0,120 89.7 ± 0,3
e <36 1,61 ± 0,05 ? 122,3874 0,427 89,98 ± 0,02
f <35 1,41 ± 0,07 ? 267,291 0,718 89.90 ± 0,03

Kuckt och

Portal Astronomie