(65) Cybele
Eegenschafte vum Orbit | |
---|---|
Orbittyp |
Haaptasteroidenceinture Cybele-Asteroiden |
Bezuchspositioun | Equinoxe: J2000.0 |
Grouss Hallefachs | 3,430 A.E. |
Exzentrizitéit | 0,1087 |
Sideresch Ëmlafzäit | 6 a 129 d |
Mëttel Bunnvitess | 16,0 km/s |
Inklinatioun | 3,56 Grad |
Physikalesch Eegenschaften | |
Duerchmiesser | 237 km |
Mass | 1,78x1019 kg |
Mëttel Dicht | 0,99 ± 0,20 g/cm3 |
Rotatiounsperiod | 4,041 h |
Albedo | 0,07 |
Absolut Hellegkeet | 6,6 |
Spektralklass | P |
Entdeckung | |
Entdecker | E.W.L. Tempel |
Entdeckungsdatum | 8. Mäerz 1861 |
Plaz | Marseille |
De (65) Cybele ass en Asteroid vun der Haaptasteroidenceinture. Hien ass de 6. Mäerz 1861 vum däitschen Astronom Ernst Wilhelm Leberecht Tempel entdeckt ginn.
Den Asteroid gouf no der Kybele genannt, déi an der griichescher Mythologie eng Gëttermamm duerstellt.
Wärend enger Bedeckung vum Stär AGK3 +19 599 duerch de Cybele am Joer 1979 hat et Undeitungen op en 11 km grousse Begleeder vum Cybele op enger Distanz vun 917 km vu sengem Mëttelpunkt (am Fall, wann d'Bedeckung zentral war) ginn.
Cybele-Grupp
[änneren | Quelltext änneren]De (65) Cybele huet enger Gruppe vun Asteroiden, déi déi Säit vum Hecuba-Fräiraum mat Bunnhallefachsen tëscht 3,27 an 3,7 AE hir Bunn zéien, hiren Numm ginn. D'Objeten hunn Exzentrizitéite vu manner wéi 0,3 a Bunnschréie vu manner wéi 25°. D'Membere vun där Grupp stinn a 7:4-Resonanz zum Jupiter, wouduerch hir Bunn stabiliséiert gëtt.