Op den Inhalt sprangen

AVL-Linn 2

Vu Wikipedia
AVL-Linn 2
D'Linn 2 virum Rond-point Robert-Schuman (2023)
Bouneweg - Lampertsbierg
Bedreiwer Autobus de la Ville de Luxembourg
vu(n) Lycée Bouneweg / PE 49°35'20,26"N, 6°8'25,69"O
op Lampertsbierg, Lycée Michel Lucius 49°37'8,9"N, 6°6'52,4"O
iwwer Bouneweg, Garer Quartier, Uewerstad, Lampertsbierg
Bustyp Gelenkbus
opgaang 11. September 2022
technesch Donnéeën
allkéiers fir Aller a Retour
Längt 7.759 m, 8.414 m
Fuerzäit 33 min, 37 min
mëttel Vitess 14,11 km/h, 13,64 km/h

D'AVL-Linn 2 ass eng Buslinn vun de Stater Bussen. Se fiert zanter dem 11. September 2022 um Trajet Lycée Bouneweg / PE - Bouneweg - Garer Quartier - Uewerstad - Lampertsbierg, Lycée Michel Lucius. Si bedéngt 25 Halten um Aller an der 27 um Retour. Um Lampertsbierg huet se den Terminus gemeinsam mat de Linnen 8 an 30. Se fiert an der Woch (méindes - freides) all 10, samschdes all 15 a sonndes all 30 Minutten.

Halten op der Linn 2

[änneren | Quelltext änneren]

(D'Nimm vun den Halte si sou uginn, wéi s'am offizielle Fuerplang publizéiert sinn.)

Halten Bemierkung
Lycée Bouneweg / PE
Lycée Bouneweg / LTB
Willibrord
Demy Schlechter
Pont-Remy
Jules Fischer
Nic Martha
Kaltreis
Izeger Knupp
Anatole France
Jean Jacoby
Wisestrooss
Léon XIII
Rotonde
Gare Rocade
Wallis
F. D. Roosevelt
Hamilius
Fondation Pescatore
Theater
Lycée de Garçons
Alen Tramsschapp
Square André
Limpertsberg, Waassertuerm
Avenir
Siggy vu Lëtzebuerg
Lycée Michel Lucius gemeinsamen Terminus mat de Linnen 8 an 30

Entwécklung vun der Linn 2

[änneren | Quelltext änneren]

Mat der selwechter Linnennummer goufe follgend Trajete gefuer:

  • vum 23.05.1960 un: Gare - av. de la Gare - Stad - av. de la Liberté - Gare
  • 1971 - 1982: Gare - Stad - Gare
  • 1983 - 1987: Gare - Stad - Plateau Bourbon - Gare
  • 1987 - 1990: Gare - Stad - Gare
  • 1990 - 2001: Eech - Rollengergronn - Stad - Gare - Gaasperech - Cloche d'or - (Kockelscheier)
  • 2001 - 2006: Eech - Rollengergronn - Stad - Gare - Gaasperech / François Hogenberg
  • 2008 - 2011: Lampertsbierg / Avenir - Stad - Gare - Gaasperech - Kuelebierg - Boy Konen
  • 01.04.2011 - 12.12.2020: Lampertsbierg / Lycée Michel Lucius - Stad - Gare - Gaasperech - Kuelebierg - Boy Konen (rue des Sports) an zeréck. Tëscht dem Lampertsbierg an der Gare ass d'Linn 2 parallel mat der Linn 4 gefuer.

Wéinst dem Tramsschantje war d'Streck tëscht der Gare an der Uewerstad den 3. November 2019 geännert ginn a gouf dunn iwwer d'Al Avenue, d'Al Bréck an de Boulevard Roosevelt amplaz iwwer d'Nei Avenue an d'Nei Bréck gefouert[1].

Zu Gaasperech huet d'Linn 2 déi zwou Halte Clemenceau a Richard Wagner (tëscht den Halte Bei der Auer a Millewee) nëmme baussent den Haaptverkéierszäiten ugefuer, d. h. mueres fréi, owes spéit an de Weekend de ganzen Dag. Zu den aneren Zäite goufen dës Halte vun der Linn 23 bedéngt.

  • 13.12.2020 - 10.09.2022: Demy Schlechter - Garer Quartier - Uewerstad - Lampertsbierg, Lycée Michel Lucius
Commons: AVL-Linn 2 – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen an Notten

[Quelltext änneren]
  1. De Minister François Bausch huet déi "Al Bréck" offiziell fir Busser opgemaach op rtl.lu de 4. November 2019, fir d'lescht gekuckt den 9. November 2019