Alfred Kowalsky
Ausgesinn
Alfred Kowalsky | |
---|---|
Gebuer |
17. Februar 1879 Pafendall |
Gestuerwen |
14. Mee 1943 Metz |
Nationalitéit | Lëtzebuerg |
Aktivitéit | Komponist |
Den Alfred Kowalsky, gebuer de 17. Februar 1879 am Pafendall, a gestuerwen de 14. Mee 1943 zu Metz, war e lëtzebuergesche Komponist. Hien huet ë. a. d'Musek fir d'Oper Griselinde geschriwwen.
Nodeem 1923 eng Entente vun Escher Veräiner, wéi d'Harmonie municipale, de Cercle symphonique, d'Alliance Française an den Uelzecht-Chouer d'École de musique d'Esch-sur-Alzette als Coopérative gegrënnt haten, huet am August 1926 d'Gemeng Esch déi Museksschoul iwwerholl a se an École municipale de Musique ëmgedeeft. Den Alfred Kowalsky, deen Uergel zu Paräis beim Charles-Marie Widor studéiert hat, a Kompositioun beim Richard Strauss zu Berlin, gouf Direkter.
An Pafendall dréit eng Strooss säin Numm.
Säi Wierk (Auswiel)
[änneren | Quelltext änneren]Oper
[änneren | Quelltext änneren]- Griselinde, Musek vum Alfred Kowalsky, no engem Text vum Nikolaus Welter
Operetten
[änneren | Quelltext änneren]- Dräi ass göttlech, Musek: Muller, J.A./Kowalsky, Text: Batty Weber
- D'Rosy vun der Stemillen,Musek: A. Kowalsky Text: Nik. Wampach
Aner Wierker
[änneren | Quelltext änneren]- Mai Kand
- Élégie
- Capriccio
- Nuetsgebied
- Trio fir Piano, Gei a Violoncel
Literatur
[änneren | Quelltext änneren]- Blasen, L., 1984. Alfred Kowalsky (1879-1943), Lëtzebuerger Komponisten. Telecran, Lëtzebuerg, Jg. 6 (1984).
- Krier, Guy, 1982. Markante Persönlichkeiten aus Pfaffenthal. In: 125 Jor Sang a Klang / Chorale "Sang a Klang" - Lëtzebuerg, S. 61-63.
Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]Commons: Alfred Kowalsky – Biller, Videoen oder Audiodateien |