Astronomesch Symboler
Ausgesinn
Astronomesch Symboler gi gebraucht fir Himmelskierper an observéiert astronomesch Evenementer duerzestellen. Déi hei opgefouert Symboler ginn normalerweis an der Astronomie agesat. Vill vun hinne fanne sech och an der westlecher Astrologie erëm.
An der Alchemie goufen déi bekannt siwe Metaller mat den deemolege siwe Planéiten (Planéitemetall) a Wochendeeg associéiert. Nach an Dagbicher an der Renaissance (beispillsweis Logbuch vum Vitus Bering) ginn déi Symboler dacks an den Datume fir d'Wochendeeg gebraucht.
Planéiten | |||
---|---|---|---|
Numm | Symbol | Bedeitung | |
Merkur | Dem Mercurius säi Fligelhelm an den Hermesstaf; Quecksëlwer, Mëttwoch | ||
Venus | Handspigel vun der Venus (kuckt Venussymbol); Koffer, Freideg | ||
Äerd | Globus mat Equator an dem Nullmeridian | ||
Äerdkugel mat opgestachenem Kräiz (Räichsapel) | |||
Mars | Schëld a Speer vum Mars (kuckt Marssymbol); Eisen, Dënschdeg | ||
Jupiter | Jupiters Blëtz oder Adler; Zënn, Donneschdeg | ||
Saturn | Saturns Séchel oder Séissel; Bläi, Samschdeg | ||
Uranus | Ee vun deenen zwéi alchimisteschen Symboler fir Platin oder eng Kombinatioun aus de Symboler fir Mars a Sonn | ||
„H“ Nonumm vum Entdecker (Wilhelm Herschel), gëtt bal nëmmen an der Astrologie gebraucht | |||
Neptun | Neptuns Dräizack | ||
Zwergplanéiten | |||
Numm | Symbol | Bedeitung | |
(1) Ceres | Séchel; vgl. Séchelsymbol vum Saturn | ||
(134340) Pluto | „PL“ fir Pluto resp. Percival Lowell | ||
(136199) Eris | Offiziellt Symbol trotz verschiddener Virschléi onwahrscheinlech (Fënneffangerege Hand vum Eris) | ||
Asteroiden | |||
Numm | Symbol | Bedeitung | |
(2) Pallas | Modifizéiert Venussymbol oder Schëld vun der Athene? | ||
(3) Juno | Pohunn (Symbol vum Juno) | ||
(4) Vesta | Uewefeier oder Feieraltor | ||
(5) Astraea | Anker oder Wo vun der Gerechtegkeet | ||
(6) Hebe | Kelch | ||
(7) Iris | Reebou mat Stär (Asteroid bedeit stärenaarteg) | ||
(8) Flora | Stiliséiert Blumm | ||
(9) Metis | A mat Stär | ||
(10) Hygiea | |||
(11) Parthenope | |||
(12) Victoria | |||
(13) Egeria | |||
(14) Irene | Gëtt als „Dauf mat Olivenzweig a Stär“ beschriwwen | ||
(15) Eunomia | |||
(16) Psyche | |||
(17) Thetis | |||
(18) Melpomene | |||
(19) Fortuna | |||
(26) Proserpina | |||
(28) Bellona | |||
(29) Amphitrite | |||
(35) Leukothea | |||
(37) Fides | |||
(2060) Chiron | Schlëssel; net offiziell, gëtt vu verschiddenen Astrologe gebraucht | ||
Äerdmound | |||
Numm | Symbol | Bedeitung | |
Äerdmound (zouhuelend) | Zouhuelende Mound; Sëlwer, Méindeg | ||
Vollmound | |||
Äerdmound (ofhuelend) | Ofhuelende Mound | ||
Neimound | |||
Aner Himmelskierper | |||
Numm | Symbol | Bedeitung | |
Sonn | Sonn; Gold, Sonndeg | ||
Déierekreeszeechen | |||
Numm | Symbol | ||
Widder | bezeechent an der Astronomie speziell de mëttlere Fréijorequinoxpunkt (Widderpunkt, First point of Aries) | ||
Stéier | |||
Zwillinge | |||
Kriibs | bezeechent an der Astronomie speziell dat mëttelst Summersolstitium (Punkt vun der Sonnewend) | ||
Léiw | |||
Jongfra | |||
Wo | bezeechent an der Astronomie speziell de mëttleren Hierschtequinoxpunkt (Wopunkt) | ||
Skorpioun | |||
Schëtz | |||
Steebock | bezeechent an der Astronomie speziell dat mëttelst Wantersolstitium (Punkt vun der Sonnewend) | ||
Waassermann | |||
Fësch | |||
Aner Symboler | |||
Numm | Symbol | ||
Koméit | |||
Opsteigende Knuet | |||
Ofsteigende Knuet | |||
Konjunktioun | |||
Oppositioun |
Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]Commons: Astronomesch Symboler – Biller, Videoen oder Audiodateien |
- James L. Hilton, When Did the asteroids Become Minor Planets? (enthält astronomesch Symboler fir Asteroiden)