Benelux
Ausgesinn
Dëse Geographiesartikel iwwer Europa ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran. |
Benelux, ass eng wirtschaftspolitesch Associatioun vun der Belsch, Lëtzebuerg an Holland. Dës Bezeechnung ass en Akronym, dee sech zesummesetzt aus den éischte Buschtawe vu Belgique (België), Nederland a Luxembourg.
De Benelux spigelt de Wëlle vu klenge Länner erëm, vun de Virdeeler vu grousse Wirtschaftstrainen ze profitéieren. Se gouf an Etappe realiséiert:
- 1944: Éischt Konventioun, déi eng Zollunioun tëscht den dräi Länner kreéiert huet,
- 1946: Confirmatioun vun dëser Unioun,
- 1958: Den Traité vu La Haye (3. Februar 1958) completéiert dëst Ofkommes a gesäit d'Schafung vun der Wirtschaftsunioun Benelux vir. E war op 50 Joer ausgeluecht an ass den 1. November 1960 a Kraaft getrueden.
De 17. Juni 2008 gouf en neie Benelux-Traité zu Den Haag ënnerschriwwen. E gesäit ë. a. fir den Numm Union économique Benelux an Union Benelux ëmzeänneren, fir den erweiderte Kompetenzen iwwer déi ekonomesch eraus Rechnung ze droen.[1]
Déi Belsch-Lëtzebuerger Wirtschaftsunioun war Virbild a Virleefer vum Benelux.
D'Benelux-Unioun huet fënnef Institutiounen:
- d'Generalsekretariat,
- d'Benelux-Parlament,
- de Ministercomité,
- de Benelux-Rot fir héich Beamten, an
- de Benelux-Geriichtshaff.
Literatur
[änneren | Quelltext änneren]- Michel Erbe, Belgien - Niederlande - Luxemburg: Geschichte des niederländischen Raumes ; Stuttgart, Berlin & Köln, Verlag W. Kohlhammer, 1993; 353 S. (Kaarten, 1 genealogesch Tafel, Bibliographie); ISBN 3-17-010976-6
- Henri Bernard,Terre commune - Histoire des pays de Benelux, microcosme de l'Europe ; Turnhout (Verlag Brepols), 1961 (2. Ausgab).
- Pascal Dayez-Burgeon, Belgique, Nederland, Luxembourg ; Paräis (Belin; collection "Histoire Belin Sup"), 1994; 320 S. (Kaarten, Tableauën, Bibliographie); ISBN 2-7011-1374-1
Kuckt och
[änneren | Quelltext änneren]Referenzen
[Quelltext änneren]Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]Commons: Benelux – Biller, Videoen oder Audiodateien |