Bloe Kugelstärekoup
Blo Kugelstärekéip si Kugelstärekéip, déi méi jonk wéi 100 Millioune Joer sinn. Doduerch ënnerscheede si sech vu gewéinleche Kugelstärekéip, déi meeschtens en Alter vun e puer Milliarde Joer hunn. Hiren Numm verdanken déi blo Kugelstärekéip der Tatsaach, datt si duerch hiren niddregen Alter nach vill blo Haaptreiestäre mat der Spektralklass O a B hunn.
Wärend gewéinlech Kugelstärekéip zur selwechter Zäit wéi hir Mammegalaxie entstane sinn, hu sech blo Kugelstärekéip eréischt zu engem spéideren Zäitpunkt geformt. E bloe Kugelstärekoup brauch fir seng Entwécklung däitlech méi interstellar Matière wéi en oppene Stärekoup. Dobäi mussen aussergewéinlech Ëmstänn an der Mammegalaxie virleien, fir datt sech blo Kugelstärekéip produzéiere kënnen. Dat erkläert och, wéisou blo Kugelstärekéip a gewéinleche Groussgalaxien, wéi eis Mëllechstrooss oder dem Andromedaniwwel, feelen.
Blo Kugelstärekéip goufe fir d'éischt an de Magellanesche Wolleken entdeckt. Déi Grouss Magellanesch Wollek huet eng zimmlech grouss Populatioun vun deenen Objeten. Am Dräiecksniwwel (M 33) sinn och blo Kugelstärekéip, obwuel dat bei sou enger Spiralgalaxie éischter ongewéinlech ass.
An der Moyenne hu blo Kugelstärekéip manner Stäre wéi gewéinlech Kugelstärekéip. Dofir goufe blo Kugelstärekéip nach bis viru kuerzem als oppe Stärekéip ugesinn. Blo Stärekéip mat änleche Stärenzuele wéi gewéinlech Kugelstärekéip sinn d'Superstärekéip.