Europastrooss E25
Ausgesinn
E 25
| |
Stied op der Europastrooss E 25 | |
D'Europastrooss E25 ass eng Europastrooss déi queesch duerch Europa vum Hoek van Holland bis op Genua geet. Dono geet se virun, queesch duerch d'Insele Korsika a Sardinien bis op Sizilien.
D'E25 ass 1547 Kilometer laang.
Zu Lëtzebuerg fänkt d'Europastrooss E25 op der belscher Grenz bei Sterpenich un wou se vun der belscher A 4 kënnt, a leeft dann iwwer d'Areler Autobunn bis op de Verdeeler vu Gaasperech. Do wiesselt se op d'Diddelenger Autobunn bis op d'Grenz zu Diddeleng, wou se dann iwwer d'franséisch A 31 weider no Süde leeft.
Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]Commons: E25 – Biller, Videoen oder Audiodateien |