Op den Inhalt sprangen

Gena Rowlands

Vu Wikipedia
Gena Rowlands
D'Gena Rowlands (1992).
Gebuertsnumm Virginia Cathryn Rowlands
Gebuer 19. Juni 1930
Gestuerwen 14. August 2024
Doudesursaach Alzheimer
Nationalitéit USA
Educatioun Universitéit vu Wisconsin-Madison,
American Academy of Dramatic Arts
Aktivitéit Televisiounsschauspiller, Theaterschauspiller, Filmschauspiller, Schauspiller
Famill
Bestuet mat John Cassavetes
Papp Edwin Myrwyn Rowlands
Mamm Lady Rowlands
Kanner Nick Cassavetes, Alexandra Cassavetes, Zoe Cassavetes

D'Gena Rowlands, gebuer als Virginia Cathryn Rowlands den 19. Juni 1930 zu Madison am Wisconsin, a gestuerwen de 14. August 2024 zu Indian Wells a Kalifornien, war eng US-amerikanesch Schauspillerin.

Si huet 1954 de Schauspiller John Cassavetes bestuet, dee s'op der Konschtakademie zu New York kennegeléiert hat. Si blouwe bis zum Cassavetes sengem Doud, 1989, zesummen, a si hat mat him dräi Kanner, déi allen dräi Regisseure sinn.

Bis d'Enn vun den 1950er Joren huet d'Gena Rowlands Theater gespillt. Hiren éischte Film war 1958 dem José Ferrer säin High Cost of Loving.

Si huet an 10 Filmer vun hirem Mann John Cassavetes matgespillt, dorënner A Woman Under the Influence (1974) a Gloria (1980), fir déi s'eng Oscar-Nominéierung krut. Och a Filmer vun hirem Jong Nick Cassavetes huet si matgespillt, zum Beispiel an Unhook the Stars.

D'Rowlands beim Filmfestival vu Cannes (2006).
Commons: Gena Rowlands – Biller, Videoen oder Audiodateien