Gottfried Reinhardt
Ausgesinn
Gottfried Reinhardt | |
---|---|
Gebuer |
20. Mäerz 1913 Berlin |
Gestuerwen |
19. Juli 1994 Los Angeles |
Doudesursaach | Bauchspäicheldrüsekriibs |
Nationalitéit | USA, Éisträich |
Aktivitéit | Filmregisseur, Dréibuchauteur, Filmproduzent |
Mamm | Helene Thimig |
De Gottfried Reinhardt, gebuer den 20. Mäerz 1913 zu Berlin a gestuerwen den 18. Juli 1994 zu Los Angeles, war en éisträichesch-US-amerikanesche Filmproduzent a Filmregisseur.
Hie war de Jong vum Regisseur Max Reinhardt an der Schauspillerin Else Heims. Hien hat seng éischt Optrëtter als Schauspiller an als Regisseur zu Berlin am Deutschen Theater.
Hien ass fir e weidere Studium 1932 an Amerika gaangen an ass nodeem d'Nationalsozialisten an Däitschland un d'Muecht komm waren, an Amerika bliwwen.
Filmographie
[änneren | Quelltext änneren]- 1952: Invitation - Haaptacteuren: Van Johnson, Dorothy McGuire
- 1953: The Story of Three Loves - Regie zesumme mam Vincente Minnelli - Haaptacteuren: Pier Angeli, James Mason
- 1954: Betrayed - Haaptacteuren: Clark Gable, Victor Mature
- 1956: Vor Sonnenuntergang - Haaptacteuren: Hans Albers, Martin Held
- 1959: Menschen im Hotel - Haaptacteuren: O.W. Fischer, Michèle Morgan
- 1959: Abschied von den Wolken - Haaptacteuren: Sonja Ziemann, O.W. Fischer
- 1960: Liebling der Götter - Haaptacteuren: Ruth Leuwerik, Peter van Eyck
- 1961: Town Without Pity - Haaptacteuren: Kirk Douglas, Christine Kaufmann
- 1961: Jedermann - Haaptacteuren: Walther Reyer, Ellen Schwiers
- 1963: Elf Jahre und ein Tag - Haaptacteuren: Ruth Leuwerik, Bernhard Wicki
- 1965: Situation Hopeless… But Not Serious - Haaptacteuren: lec Guinness, Paul Dahlke