Jane Birkin
Jane Birkin | |
---|---|
D'Jane Birkin 2017 | |
Gebuertsnumm | Jane Mallory Birkin |
Gebuer |
14. Dezember 1946 London |
Gestuerwen |
16. Juli 2023 6. Arrondissement |
Doudesursaach | Leukemie |
Nationalitéit | Vereenegt Kinnekräich, Frankräich |
Educatioun |
École Jeannine Manuel, Miss Ironside's School |
Aktivitéit | Sänger, Filmschauspiller, Theaterschauspiller, Discographesche Kënschtler, Dréibuchauteur, Filmregisseur, Fotomodel, Schauspiller, Regisseur, Mannequin |
Famill | |
Bestuet mat | John Barry |
Liewenspartner(in) | Serge Gainsbourg, Jacques Doillon |
Papp | David Leslie Birkin |
Mamm | Judy Campbell |
Geschwëster | Andrew Birkin, Linda Birkin |
Kanner | Kate Barry, Charlotte Gainsbourg, Lou Doillon |
D'Jane Birkin, (OBE) gebuer als Jane Mallory Birkin de 14. Dezember 1946 zu Marylebone, engem Quartier vun der City of Westminster zu London, a gestuerwen de 16. Juli 2023 zu Paräis, war eng englesch Schauspillerin, Filmregisseurin a Sängerin, déi zanter dem Enn vun den 1960er Jore haaptsächlech a Frankräich gelieft a geschafft huet.
D'Jane Birkin war d'Duechter vum Lieutenant-Commander (Korvettekapitän) David Birkin an der Schauspillerin Judy Campbell. Hire Brudder ass de brittesche Filmregisseur an Dréibuchauteur Andrew Birkin. Si war d'Mamm vun der Fotografin Kate Barry an de Schauspillerinne Charlotte Gainsbourg a Lou Doillon.
Karriär
[änneren | Quelltext änneren]D'Jane Birkin hat eng kleng ma opfälleg Roll am Film am Michelangelo Antonioni sengem Blow Up (1967). 1968 huet si nieft der Romy Schneider an dem Alain Delon a La Piscine vum Jacques Deray gespillt.
Wärend den Dréiaarbechte vu Slogan huet si de Serge Gainsbourg kennegeléiert. 1969 huet si mat him d'Lidd Je t'aime … moi non plus opgeholl, dat de Gainsbourg scho mat der Brigitte Bardot opgeholl, ma op hire Wonsch net publizéiert hat. D'Lidd, méi gekeimt wéi gesongen, gouf, obwuel oder éischter well et op ville Radiosstatiounen verbuede war, et ze spillen, e grousse Succès. De Gainsbourg an d'Birkin hunn dono deels solo, deels zesummen, Musek produzéiert. D'Jane Birkin huet an där Period och a ville Filmer matgespillt, dorënner Le mouton enragé vum Michel Deville an Death on the Nile vum John Guillermin, souwéi och a ville wéineg bekannte Filmer. No hirer Trennung vum Gainsbourg, 1980, war si mam Regisseur Jacques Doillon zesummen, deen et hir erméiglecht huet, méi usprochsvoll Rollen ze spillen.
Filmographie
[änneren | Quelltext änneren]als Schauspillerin (Kino)
[änneren | Quelltext änneren]vun 1965 bis 1969
[änneren | Quelltext änneren]- 1965: The Knack... and How to Get It vum Richard Lester mam Rita Tushingham a Michael Crawford
- 1965: Kaleidoscope vum Jack Smight mam Warren Beatty a Susannah York
- 1966: Blow-Up vum Michelangelo Antonioni mam Vanessa Redgrave a Sarah Miles
- 1968: Wonderwall vum Joe Massot mam Jack MacGowran
- 1968: Slogan vum Pierre Grimblat mam Serge Gainsbourg an Andréa Parisy
- 1969: La piscine vum Jacques Deray mam Romy Schneider, Alain Delon a Maurice Ronet
- 1969: Les chemins de Katmandou vum André Cayatte mam Serge Gainsbourg, Pascale Audret an Elsa Martinelli
- 1969: Trop petit mon ami vum Eddy Matalon mam Michael Dunn, Bernard Fresson a Claude Brasseur
- 1969: Sex Power vum Henry Chapier mam Bernadette Lafont
vun 1970 bis 1979
[änneren | Quelltext änneren]- 1970: Alba Pagana vum Ugo Liberatore mam John Steiner
- 1970: Cannabis vum Pierre Koralnik mam Serge Gainsbourg, Gabriele Ferzetti a Curd Jürgens
- 1971: Devetnaest djevojaka i jedan mornar (19 filles et un marin) vum Milutin Kosovac mam Serge Gainsbourg
- 1971: Romansa konjokradice (Romance of a Horsethief) vum Abraham Polonsky mam Yul Brynner, Eli Wallach a Serge Gainsbourg
- 1972: Trop jolies pour être honnêtes vum Richard Balducci mam Bernadette Lafont an Elisabeth Wiener
- 1973: Dark Places vum Don Sharp mam Christopher Lee an Herbert Lom
- 1973: Don Juan 73 ou Si Don Juan était une femme vum Roger Vadim mam Brigitte Bardot, Robert Hossein a Mathieu Carrière
- 1973: La morte negli occhi del gatto vum Antonio Margheriti mam Hiram Keller a Venantino Venantini
- 1973: Projection privée vum Françoise Letterier mam Françoise Fabian a Bulle Ogier
- 1974: Le mouton enragé vum Michel Deville mam Jean-Louis Trintignant, Romy Schneider a Jean-Pierre Cassel
- 1974: La moutarde me monte au nez vum Claude Zidi mam Pierre Richard a Claude Piéplu
- 1974: Comment réussir quand on est con et pleurnichard vum Michel Audiard mam Jean Carmet, Jean-Pierre Marielle, Jean Rochefort a Stéphane Audran
- 1974: Sérieux comme le plaisir vum Robert Benayoun mam Isabelle Huppert
- 1975: La course à l'échalote vum Claude Zidi mam Pierre Richard a Michel Aumont
- 1975: Catherine et compagnie vum Michel Boisrond mam Patrick Dewaere a Jean-Claude Brialy
- 1975: Sept morts sur ordonnance vum Jacques Rouffio mam Gérard Depardieu, Michel Piccoli a Marina Vlady
- 1976: Je t'aime moi non plus vum Serge Gainsbourg mam Joe Dalessandro a Reinhard Kolldehoff
- 1976: Le diable au coeur vum Bernard Queysanne mam Jacques Spiesser, Philippe Lemaire an Emmanuelle Riva
- 1976: Bruciati da cocente passione vum Giorgio Capitani mam Aldo Maccione a Catherine Spaak
- 1977: L'animal vum Claude Zidi mam Jean-Paul Belmondo, Raquel Welch an Dany Saval
- 1978: Death on the Nile vum John Guillermin mam Bette Davis, Peter Ustinov a Maggie Smith
- 1979: Au bout du bout du banc vum Peter Kassovitz mam Victor Lanoux a Georges Wilson
- 1979: Melancoly Baby vum Clarisse Gabus mam Jean-Louis Trintignant an Jean-Luc Bideau
- 1979: La miel vum Pedro Masó
vun 1980 bis 1989
[änneren | Quelltext änneren]- 1980: La fille prodigue vum Jacques Doillon mam Michel Piccoli an Eva Renzi
- 1981: Egon Schiele - Exzess und Bestrafung vum Herbert Vesely mam Mathieu Carrière a Christine Kaufmann
- 1981: Rends-moi la clé! vum Gérard Pirès mam Guy Marchand a Jacques Dutronc
- 1982: Evil Under the Sun vum Guy Hamilton mam Peter Ustinov, Maggie Smith, James Mason an Diana Rigg
- 1983: L'ami de Vincent vum Pierre Granier-Deferre mam Philippe Noiret, Jean Rochefort a Marie-France Pisier
- 1983: Nestor Burma, détective de choc vum Jean-Luc Miesch mam Michel Serrault a Guy Marchand
- 1983: Circulez y a rien à voir vum Patrice Leconte mam Michel Blanc an Jacques Villeret
- 1983: L'amour par terre vum Jacques Rivette mam Géraldine Chaplin
- 1984: La pirate vum Jacques Doillon mam Philippe Léotard a Maruschka Detmers
- 1984: Le garde du corps vum François Leterrier mam Gérard Jugnot a Sami Frey
- 1985: Le neveu de Beethoven vum Paul Morrissey mam Nathalie Baye a Wolfgang Reichmann
- 1985: Dust vum Marion Hänsel mam Trevor Howard
- 1986: Leave All Fair vum John Reid mam John Gielgud a Féodor Atkine
- 1986: La femme de ma vie vum Régis Wargnier mam Christophe Malavoy a Jean-Louis Trintignant
- 1987: Comédie ! vum Jacques Doillon mam Alain Souchon -
- 1987: Kung-Fu Master vum Agnès Varda mam Charlotte Gainsbourg, Lou Doillon a Mathieu Demy
- 1987: Jane B. par Agnès V. vum Agnès Varda mam Alain Souchon, Jean-Pierre Léaud a Philippe Léotard
- 1987: Soigne ta droite vum Jean-Luc Godard mam Dominique Lavanant a Pauline Lafont
vun 1990 bis 1999
[änneren | Quelltext änneren]- 1990: Daddy nostalgie vum Bertrand Tavernier mam Dirk Bogarde
- 1991: La belle noiseuse vum Jacques Rivette mam Michel Piccoli an Emmanuelle Béart
- 1995: Noir comme le souvenir vum Jean-Pierre Mocky mam Sabine Azéma a Jean-François Stévenin
- 1995: Les cent et une nuits de Simon Cinéma vum Agnès Varda mam Michel Piccoli, Marcello Mastroianni, Anouk Aimée a Fanny Ardant
- 1997: On connaît la chanson vum Alain Resnais mam André Dussollier, Lambert Wilson a Sabine Azéma
- 1998: A Soldier's Daughter Never Cries vum James Ivory mam Kris Kristofferson a Virginie Ledoyen
- 1999: The Last September}} vum Deborah Warner mam Michael Gambon a Barbara Hershey
vun 2000 bis 2009
[änneren | Quelltext änneren]- 2001: Ceci est mon corps vum Rodolphe Marconi mam Louis Garrel an Mélanie Laurent
- 2001: Reines d'un jour vum Marion Vernoux mam Karin Viard a Victor Lanoux
- 2002: Merci Docteur Rey vum Andrew Litvack mam Stanislas Merhar, Dianne Wiest, Vanessa Redgrave a Bulle Ogier
- 2003: Mariées mais pas trop vum Catherine Corsini mam Émilie Dequenne a Pierre Richard
- 2006: Boxes vum Jane Birkin mam Jane Birkin, Géraldine Chaplin a Michel Piccoli
- 2006: La tête de maman vum Carine Tardieu mam Karin Viard, Pascal Elbé a Kad Merad
- 2009: 36 vues du pic Saint-Loup vum Jacques Rivette mam Sergio Castellitto a Jacques Bonnaffé
vun 2010 bis
[änneren | Quelltext änneren]- 2010: Thelma, Louise et Chantal vum Benoît Pétré mam Catherine Jacob a Caroline Cellier
- 2011: Si tu meurs, je te tue vum Hiner Saleem mam Mylène Demongeot
- 2012: Venuto al mondo vum Sergio Castellitto mam Penélope Cruz
- 2013: Nugu-ui ttal-do anin Haewon vum Sang-soo Hong
Discographie
[änneren | Quelltext änneren]- Di Doo Dah (1973)
- Lolita Go Home (1975)
- Ex Fan Des Sixties (1978)
- Baby Alone In Babylone (1983)
- Lost Song (1987)
- Jane Au Bataclan (1987)
- Amours Des Feintes (1990)
- Integral Au Casino De Paris (1992)
- Versions Jane (1996)
- Integral A L'olympia (1996)
- The Best Of (1998)
- A la légère (1999)
- Arabesque (2002) (Live-Album)
- Rendez-vous (2004)
- Fictions (2006)
- Enfants d'Hiver (2008)
Literatur
[änneren | Quelltext änneren]- Crawford, Gabrielle: Jane Birkin. Planegg: Hannibal Verlag, 2005, ISBN 3-85445-260-8
Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]Commons: Jane Birkin – Biller, Videoen oder Audiodateien |