Jane Fonda
Jane Fonda | |
---|---|
um Festival vu Cannes (2014) | |
Gebuertsnumm | Jane Seymour Fonda, Jayne Seymour Fonda |
Gebuer |
21. Dezember 1937 New York |
Nationalitéit | USA |
Educatioun |
Art Students League of New York, Actors Studio |
Aktivitéit | Filmschauspiller, Schrëftsteller, Theaterschauspiller, Mannequin, Schauspiller, Filmproduzent, Televisiounsschauspiller, Autobiograph, Synchronspriecher |
Partei | Democratic Party |
Member vun | Akademie der Künste Berlin |
Famill | |
Bestuet mat | Roger Vadim, Tom Hayden, Ted Turner |
Liewenspartner(in) | Richard Perry |
Papp | Henry Fonda |
Mamm | Frances Ford Seymour |
Geschwëster | Peter Fonda |
Kanner | Vanessa Vadim, Troy Garity, Mary Williams |
D'Jane Seymour Fonda, gebuer den 21. Dezember 1937 zu New York, ass eng US-amerikanesch Schauspillerin. Si ass och bekannt als politesch Aktivistin an Aerobic-Verfechterin.
D'Jane Fonda kënnt aus enger Schauspillerfamill. Si ass d'Duechter vun der Frances Ford Seymour, déi sech d'Liewe geholl huet, wéi d'Jane 12 Joer hat, an dem Schauspiller Henry Fonda. De Peter Fonda ass hire Brudder an d'Bridget Fonda hir Niess.
1958 huet si de Lee Strasberg kennegeléiert an hiert Konschtstudium opgehalen, fir a sengem Actors Studio Coursen ze maachen. Duerno huet si um Broadway Theater gespillt. Ee Stéck, Tall Story. gouf mat hir an der selwechter Roll verfilmt.
Vun 1964 bis 1969 war si mam Roger Vandim zesummen, an huet ënner anerem a senger Filmer La ronde a Barbarella matgespillt. Aner Filmer vun hir aus där Zäit, déi Succès hate, si Cat Ballou (1965) Barefoot in the Park, (1967, mam Robert Redford) an They Shoot Horses, Don't They? (1969).
1968 huet si den Tom Hayden kennegeléiert (dee spéider hiren zweete Mann gouf) a sech mat him géint de Vietnamkrich engagéiert, wat hir de Spëtznumm Hanoi-Jane abruecht huet.
1971 krut si fir hir Haaptroll am Alan J. Pakula sengem Film Klute en Oscar, an en zweeten Oscar krut se 1978 fir hir Roll a Coming Home. En anere wichtege Film aus de spéiden 1970er Jore war The China Syndrome, wou et ëm d'Gefore vun Atomkraaftwierker geet.
1981 huet si am Film On Golden Pond als eenzeg Kéier mat hirem Papp (a mat der Katharine Hepburn) zesumme gespillt. Dëse krut dofir säin eenzegen Oscar, deen d'Jane fir hien an Emfang geholl huet (hie war do scho schwéier krank an ass kuerz duerno gestuerwen).
An den 1980er Joren huet d'Jane Fonda sech intensiv mam Verkaf a Marketing vun hire Bicher, Televisounsemissiounen a Videokassetten iwwer d'Fitness-Method Aerobic ofginn.
Vun 1991 bis 2001 war si mam Ted Turner bestuet, dem Grënner vun CNN. An där Zäit huet si sech virun allem ëm Aktioune fir de gudden Zweck gekëmmert, wéi z. B. d'Georgia Campaign for Adolescent Pregnancy Prevention an de Jane Fonda Center for Adolescent Reproductive Health, déi se matgegrënnt huet.
Filmographie
[änneren | Quelltext änneren]Kino
[änneren | Quelltext änneren]- 1960: Tall story - Regie: Joshua Logan - Haaptacteuren: Anthony Perkins, Ray Walston
- 1962: The Chapman Report - Regie: George Cukor - Haaptacteuren: Efrem Zimbalist Jr., Claire Bloom
- 1962: Walk on the Wild Side - Regie: Edward Dmytryk - Haaptacteuren: Laurence Harvey, Capucine
- 1962: Period of Adjustment - Regie: George Roy Hill - Haaptacteuren: Anthony Franciosa, Jim Hutton
- 1963: In the Cool of the Day - Regie: Robert Stevens - Haaptacteuren: Peter Finch, Angela Lansbury
- 1963: Sunday in New York - Regie: Peter Tewksbury - Haaptacteuren: Rod Taylor, Cliff Robertson
- 1964: Les félins - Regie: René Clément - Haaptacteuren: Alain Delon, Lola Albright
- 1964: La ronde - Regie: Roger Vadim - Haaptacteuren: Anna Karina, Jean-Claude Brialy
- 1965: Cat Ballou - Regie: Elliot Silverstein - Haaptacteuren: Lee Marvin, Michael Callan
- 1966: The Chase - Regie: Arthur Penn - Haaptacteuren: Marlon Brando, Robert Redford
- 1966: La curée - Regie: Roger Vadim - Haaptacteuren: Michel Piccoli, Peter McEnery
- 1966: Any Wednesday - Regie: Robert Ellis Miller - Haaptacteuren: Jason Robards, Dean Jones
- 1967: Hurry Sundown - Regie: Otto Preminger - Haaptacteuren: Michael Caine, John Phillip Law
- 1967: Barefoot in the Park - Regie: Gene Saks - Haaptacteuren: Robert Redford, Charles Boyer
- 1968: Histoires extraordinaires - Episod: Metzengerstein - Regie: Roger Vadim - Haaptacteuren: James Robertson Justice, Peter Fonda
- 1968: Barbarella - Regie: Roger Vadim - Haaptacteuren: John Phillip Law, Anita Pallenberg
- 1969: They Shoot Horses, Don't They? - Regie: Sydney Pollack - Haaptacteuren: Michael Sarrazin, Susannah York
- 1971: Klute - Regie: Alan J. Pakula - Haaptacteuren: Donald Sutherland, Roy Scheider
- 1972: Tout va bien - Regie: Jean-Luc Godard, Jean-Pierre Gorin - Haaptacteuren: Yves Montand, Vittorio Caprioli
- 1973: Steelyard Blues - Regie: Alan Myerson - Haaptacteuren: Mel Stewart, Donald Sutherland
- 1973: A Doll's House - Regie: Joseph Losey - Haaptacteuren: Edward Fox, Delphine Seyrig
- 1976: The Blue Bird - Regie: George Cukor - Haaptacteuren: Elizabeth Taylor, Ava Gardner
- 1977: Julia - Regie: Fred Zinnemann - Haaptacteuren: Vanessa Redgrave, Maximilian Schell
- 1977: Fun with Dick and Jane - Regie: Ted Kotcheff - Haaptacteuren: George Segal
- 1978: Coming Home - Regie: Hal Ashby - Haaptacteuren: Jon Voight, Bruce Dern
- 1978: Comes a Horseman - Regie: Alan J. Pakula - Haaptacteuren: James Caan, Jason Robards
- 1978: California Suite - Regie: Herbert Ross - Haaptacteuren: Alan Alda, Maggie Smith
- 1979: The Electric Horseman - Regie: Sydney Pollack - Haaptacteuren: Robert Redford, Valerie Perrine
- 1979: The China Syndrome - Regie: James Bridges - Haaptacteuren: Jack Lemmon, Michael Douglas
- 1980: Nine to Five - Regie: Colin Higgins - Haaptacteuren: Lily Tomlin, Dolly Parton
- 1981: On Golden Pond - Regie: Mark Rydell - Haaptacteuren: Katharine Hepburn, Henry Fonda
- 1981: Rollover - Regie: Alan J. Pakula - Haaptacteuren: Kris Kristofferson, Hume Cronyn
- 1985: Agnes of God - Regie: Norman Jewison - Haaptacteuren: Anne Bancroft, Meg Tilly
- 1986: The Morning After - Regie: Sidney Lumet - Haaptacteuren: Jeff Bridges, Raul Julia
- 1989: Old Gringo - Regie: Luis Puenzo - Haaptacteuren: Gregory Peck
- 1990: Stanley & Iris - Regie: Martin Ritt - Haaptacteuren: Robert De Niro
- 2005: Monster-in-Law - Regie: Robert Luketic - Haaptacteuren: Jennifer Lopez
- 2007: Georgia Rule - Regie: Garry Marshall - Haaptacteuren: Lindsay Lohan, Felicity Huffman
- 2011: Et si on vivait tous ensemble? - Regie: Stéphane Robelin - Haaptacteuren: Geraldine Chaplin, Daniel Brühl
- 2011: Peace, Love & Misunderstanding - Regie: Bruce Beresford - Haaptacteuren: Kyle MacLachlan, Catherine Keener
- 2013: The Butler - Regie: Lee Daniels - Haaptacteuren: Forest Whitaker, David Banner
- 2013: Better Living Through Chemistry - Regie: Geoff Moore, David Posamentier - Haaptacteuren: Sam Rockwell, Michelle Monaghan
- 2014: This Is Where I Leave You - Regie: Shawn Levy - Haaptacteuren: Jason Bateman, Tina Fey
- 2015: Youth - Regie: Paolo Sorrentino - Haaptacteuren: Michael Caine, Harvey Keitel
- 2015: Fathers & Daughters - Regie: Gabriele Muccino - Haaptacteuren: Russell Crowe, Amanda Seyfried
Literatur
[änneren | Quelltext änneren]- My Life So far (Autobiographie, 2005)
Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]Commons: Jane Fonda – Biller, Videoen oder Audiodateien |