Op den Inhalt sprangen

Jean-Georges Willmar

Vu Wikipedia
Jean-Georges Willmar
Gebuertsnumm Jean-Georges-Othon-Martin-Victorin-Zacharie Willmar
Gebuer 5. September 1763
Prüm
Gestuerwen 1. Januar 1831
Lëtzebuerg
Nationalitéit Frankräich, Lëtzebuerg
Aktivitéit Politiker, Affekot
Famill
Kanner Jean-Jacques Willmar

De Jean-Georges-Othon-Martin-Victorin-Zacharie Willmar, gebuer de 5. September 1763 zu Prüm, a gestuerwen den 1. Januar 1831 an der Stad Lëtzebuerg, war e Jurist, a vun 1817-1830 Gouverneur vu Lëtzebuerg.

De Jean-Georges Willmar war Affekot beim Conseil souverain. Wéi Lëtzebuerg vun de Franséische Revolutiounstruppen ageholl gouf, gouf de Willmar requisitionnéiert, fir "Agent national" bei der Kommissioun ze ginn, déi d'Land iwwerganksméisseg verwalte soll. Wéi d'Département des Forêts bis gegrënnt war, gouf en zum President vum Stroftribunal ernannt.

Am Abrëll 1800 gouf de Willmar zum Sous-préfet zu Bitburg nominéiert.

1815 gouf hie Provisoresche Gouverneur vum Grand-Duché, an den 29. Mee 1817 zum Gouverneur ernannt. E wichtegen Deel vun där Funktioun bestoung doran, Duerf fir Duerf am Groussherzogtum ofzeklappen, fir op der Plaz ze kucken, op alles an der Rei wier, an e Rapport doriwwer ze maachen. E recurant Theema vun dëse Rapporten ass de schlechten Zoustand vun de Stroossen. Als Gouverneur huet hien och ëmmer méi d'Onzefriddenheet vun de Leit iwwer déi als ze héich an ongerecht empfonnt Steieren, op Den Haag misse viruginn.

No der Belscher Revolutioun blouf hien dem hollännesche Kinnek trei, obwuel de Jean-Baptiste Nothomb him ze verstoe gedoen huet, hie kéint Gouverneur an engem belsche Lëtzebuerg bleiwen, a säi Jong, de Jean-Jacques Willmar, kéint President vum Areler Tribunal ginn. Mä vun Holland koum net vill Versteesdemech oder Entgéintkommen, sou krut de Willmar, de Prënz Wëllem II. Vun Oranien, als Gouverneur vun de südleche Provënzen praktesch "virun d'Nues" gesat.

Den 1. Januar 1831 ass hie stënterlech gestuerwen.

De Jean-Georges Willmar war zweemol bestuet: fir d'éischt mat der Marie-Catherine Graas, déi 1794 gestuerwen ass, a mat där e 5 Kanner hat, wourënner de Jean-Jacques Willmar, duerno mat der Marie-Jeanne Graas, der Sëschter vun der Marie-Catherine, mat där en ee Jong zesummen hat.

An der Stad Lëtzebuerg erënnert eng Strooss un hien.[1]

Referenzen

[Quelltext änneren]
  1. L-2731.