Le viager
Ausgesinn
Le viager ass e franséische Film vum Pierre Tchernia aus dem Joer 1972.
Ëm wat geet et am Film?
[änneren | Quelltext änneren]Den Dokter Léon Galipeau ënnersicht de Louis Martinet, e Jonggesell vun 59 Joer, deem seng Gesondheet ganz schlecht ass. De Galipeau ass iwwerzeegt de Martinet hätt nach just fir e puer Joer ze liewen. Den Dokter réit sengem Brudder Emile dem Martinet säin Haus op Basis vun enger Liewensrent ofzekafen. De Martinet stierft awer net sou séier an de Kaf vum Haus gëtt eng deier Affaire fir d'Famill Galipeau…