Op den Inhalt sprangen

MALT-App

Vu Wikipedia

De Mobile Assisted Language Tool, gekierzt MALT, ass eng Iwwersetzungs-App fir arabeschsproocheg Flüchtlingen, déi 2014 am Optrag vum deemolegen Office luxembourgeois de l'accueil et de l'intégration (OLAI), dem haitegen Office national de l'accueil (ONA), entwéckelt sollt ginn. MALT sollt et absënns Flüchtlingen aus Syrien méi einfach maachen, fir sech zu Lëtzebuerg néierzeloossen. Se war en Deel vun de Mesuren déi d'Lëtzebuerger Regierung no der Flüchtlingskris vun 2015 ausgeschafft hat, wéi 2.447 Asylanten an de Grand-Duché komm sinn.[1]

2014 hat Lëtzebuerg 15,5 Milliounen Euro aus dem EU-Fong kritt fir domat Asyl-, Migratiouns- an Integratiounsprojete matzefinanzéieren a MALT huet dozou gehéiert. An der Ausschreiwung fir d'Entwécklung vun der App konnte just Netregierungsorganisatioune matmaachen; de Marché goung un d'Piratepartei Lëtzebuerg, déi als Asbl bei der Ausschreiwung matgemaach hat.[1]

Wéi d'Inspection générale des finances (IGF) Enn 2022 en Audit bei de Pirate gemaach huet, goufen eng Rei Onreegelméissegkeeten an der Comptabilitéit festgestallt; ë. a. goufe Rechnunge vun am Ganzen eppes méi wéi 90.000 Euro als onzoulässeg fir de Projet klasséiert. Et huet sech dobäi ë. a. ëm Rechnunge fir de Kaf vun IT-Material dat net am Zesummenhang mam Projet stoung oder fir extern Déngschtleeschter gehandelt.

Vun den 158.000 Euro déi d'Partei fir de Projet ugefrot hat, waren hir zu deem Ament schonn 135.000 Euro iwwerwise ginn.[1] An der Folleg vum Audit wollt den ONA d'Suen zeréckfroen. Den Direkter vum ONA, Yves Piron, huet am Juni 2023 och beim Chef vun der Piratepartei, dem Deputéierte Sven Clement, zousätzlech Dokumenter gefrot, grad ewéi eng Erklärung firwat d'App net méi am App-Store zur Verfügung stéing.

Mëtt November 2023 huet den ONA-Direkter d'Partei du gefrot, si sollt ronn 92.000 Euro un d'Staatskeess zréckzebezuelen, wat d'Piraten awer refuséiert hunn; hiren Affekot huet argumentéiert d'Käschten déi a Rechnung gestallt goufen, wäre fir de Projet néideg gewiescht a missten deemno rembourséiert ginn.

Am Kader vun der Budgets-Chamberkommissioun hunn d'Deputéiert Enn September 2024 eng Rëtsch Ongereimtheete festgestallt, net just bei der Piratepartei, mä och beim ONA, deen d'Commande fir d'App ginn hat. D'Cour des comptes ass doropshi gefrot ginn, sech ëm den Dossier ze këmmeren.[2][3]

Well et allgemeng Zweiwel gouf, ob d'Suen, déi deemools gefloss sinn, vun der Piratepartei oder den deemools verantwortleche Leit iwwerhaapt fir d'Entwécklung vu MALT benotzt goufen, huet den Europäesche Parquet Mëtt Oktober 2024 eng Enquête wéinst Verdacht op Subventiounsbedruch, Dokumentefälschung a Geldwäsch an d'Weeër geleet. Datt den Europäesche Parquet sech fir de Fall interesséiert huet, hänkt domat zesummen, datt d'Sproochen-App mat EU-Gelder kofinanzéiert gouf.[4][5]

Am Dossier MALT koum a kënnt et och ëmmer nees zu Reiwereien tëscht den zwee Protagoniste vun der Piratepartei, dem Parteipresident Sven Clement an dem Marc Goergen, andeem se sech géigesäiteg beschëllegen, ë. a. finanziell vun de Ressource vun der Partei profitéiert ze hunn.[6] D'Streidereien an der Parteispëtzt waren deels och de Grond, datt verschidde Parteimembere sech vun der Piratepartei distanzéiert hunn a bei eng aner Partei gewiesselt sinn.[4]

Referenzen an Notten

[Quelltext änneren]
  1. 1,0 1,1 1,2 (de)Staat streitet mit den Piraten um Steuergelder. Luxemburger Wort (13.06.2024). Gekuckt de(n) 28.10.2024.
  2. (de)Reporter.lu, MALT-Affäre: Parlament schaltet Rechnungshof ein. Reporter.lu (01.10.2024). Gekuckt de(n) 28.10.2024.
  3. (fr)Application «MALT» : les députés souhaitent saisir la Cour des comptes | Chambre des députés du grand-duché de Luxembourg. www.chd.lu. Gekuckt de(n) 28.10.2024.
  4. 4,0 4,1 (de)Reporter.lu, MALT-Affäre: EU-Staatsanwaltschaft schaltet sich ein. Reporter.lu (22.10.2024). Gekuckt de(n) 28.10.2024.
  5. (en)Luxembourg: EPPO takes over investigation into procurement fraud involving political party | European Public Prosecutor’s Office. www.eppo.europa.eu (22.10.2024). Gekuckt de(n) 28.10.2024.
  6. (de)Abgeordnete wollen Rechnungshof in «MALT»-Affäre einschalten. L'essentiel (01.10.2024). Gekuckt de(n) 28.10.2024.