Maria Callas
Maria Callas | |
---|---|
Gebuertsnumm | Maria Anna Cecilia Sofia Kalogeropoulou, Μαρία Άννα Καικιλία Σοφία |
Gebuer |
2. Dezember 1923 New York |
Gestuerwen |
16. September 1977 Paräis |
Doudesursaach | Häerzschlag |
Nationalitéit | Griicheland, USA |
Aktivitéit | Operesänger, Sänger, Schauspiller |
D'Maria Callas, eigentlech Maria Anna Sofia Cecilia Kalogeropoulos, gebuer den 2. Dezember 1923 zu Brooklyn, New York, a gestuerwen de 16. September 1977 zu Paräis, war eng berüümt griichesch Sopranistin. Si zielt zu deene bedeitendsten Operesängerinnen.
Liewen a Wierken
[änneren | Quelltext änneren]D'Maria Callas gouf den 2. Dezember 1923 zu New York als Duechter vu griicheschen Immigranten, George Kalogeropoulos an Evangelina Dimitriadis gebuer. De Papp huet 1929 säi Familiennumm a Callas ëmgeännert, wéi hien am griichesche Véirel vu Manhattan eng Apdikt opgemaach huet.
1937 ass d'Maria no der Scheedung vun hiren Eltere mat Mamm a Schwëster op Athen wunne gaangen. Si ass fir d'éischt 1938 zu Athen, am Alter vu 15 Joer, an der Oper Cavalleria rusticana opgetratt; deemools huet si nach um Conservatoire bei der Maria Trivella studéiert. Vun 1938 un huet si Gesangstonne bei der Elvira de Hidalgo kritt (och um Conservatoire zu Athen). 1949 huet si sech mat engem italieenesche Chef d'entreprise, dem Giovanni Battista Meneghini, bestuet an huet dunn déi italieenesch Nationalitéit kritt. Vun do u war hire Mann och hire Manager.
D'Maria Callas ass ëmmer erëm duerch hir breet Stëmmpallette opgefall. Ee vun den Héichpunkte war hiren Optrëtt 1951 als Aida zu Mexiko. Dësen historeschen Optrëtt gouf an engem Enregistrement op CD veréiwegt.
Zu hire Glanzrollen zielen:
- Medea (Cherubini)
- Violetta (La Traviata)
- Norma (Bellini)
- Leonora (Il Trovatore)
- Constanze (Mozart:Entführung aus dem Serail)
Si huet donieft eng Partie Opere vum Bellini, Donizetti a Rossini, déi bal an de Vergiess gerode wieren, duerch hir Optrëtter nei belieft.
1965 hat si am Royal Opera House Covent Garden zu London an enger Tosca-Opféierung hire leschten Optrëtt.
D'Maria Callas hat e beweegt Liewen, besonnesch wat hir intim Affären ugeet. Hiert Verhältness mam griichesche Reeder a Milliardär Aristoteles Onassis ass staark kommentéiert ginn. Vun him hat se e Kand, eng Fréigebuert, dat allerdéngs, kuerz nodeem et op d'Welt koum, gestuerwen ass. Dem Onassisis seng Fra, d'Athina Livanos, huet sech wéinst der Callas scheede geloss.
D'Bestietnes vum Onassis mat der Jacqueline Kennedy ass der Maria staark nogaangen. De 16. September 1977 ass si duerch Häerzversoe gestuerwen an hir Äsche goufen um Paräisser Kierfecht Père Lachaise bäigesat. Net laang allerdéngs, well zwee Joer duerno goufe s'op hire Wonsch hin, bei de griicheschen Egäisinselen an d'Mier gestreet.
Ausgewielt Enregistrementer op CD
[änneren | Quelltext änneren]- Parsifal (ital.) vum Richard Wagner, Roum, 20. an 21. November 1950; Dirigent: Vittorio Gui
- Aida vum Giuseppe Verdi, Live, Mexiko-Stad, 1951 (EMI); Dirigent: Oliviero de Fabritiis
- La Traviata vum Giuseppe Verdi, Turin 1953 (Cetra)
- Cavalleria rusticana vum Pietro Mascagni, Mailand 1953 (EMI), Dirigent: Tullio Serafin
- Tosca vum Giacomo Puccini, Mailand 1953 (EMI)
- I puritani vum Vincenzo Bellini, Mailand 1953 (EMI)
- Lucia di Lammermoor vum Gaetano Donizetti, Florenz 1953 (EMI)
- La forza del destino vum Giuseppe Verdi, Mailand 1954 (EMI)
- Il turco in Italia vum Gioacchino Rossini, Mailand 1954 (EMI)
- Norma vum Vincenzo Bellini, Mailand 1954 (EMI)
- Madame Butterfly vum Giacomo Puccini, Mailand 1955 (EMI)
- Aida vum Giuseppe Verdi, Mailand 1955 (EMI)
- Rigoletto vum Giuseppe Verdi Mailand 1955 (EMI)
- Il Trovatore vum Giuseppe Verdi, Mailand 1956 (EMI)
- La Bohème vum Giacomo Puccini, Mailand 1956 (EMI)
- Un ballo in maschera vum Giuseppe Verdi, Mailand 1956 (EMI)
- Il barbiere di Siviglia vum Gioacchino Rossini, London 1957 (EMI)
- La sonnambula vum Vincenzo Bellini, Mailand 1957 (EMI)
- Turandot vum Giacomo Puccini, Mailand 1957 (EMI)
- Manon Lescaut vum Giacomo Puccini, Mailand 1957 (EMI)
- Medea vum Luigi Cherubini, Mailand 1957 (EMI)
- Lucia di Lammermoor vum Gaetano Donizetti, London 1959 (EMI)
- La Gioconda vum Amilcare Ponchielli, Mailand 1959 (EMI)
- Norma vum Vincenzo Bellini, Mailand 1960 (EMI)
- Pagliacci vum Ruggero Leoncavallo an Cavalleria rusticana vum Pietro Mascagni, Mailand 1964 (EMI)
- Tosca vum Giacomo Puccini, Paräis 1964 (EMI)
- Carmen vum Georges Bizet, Paräis 1964 (EMI)
Literatur
[änneren | Quelltext änneren]Op Däitsch:
[änneren | Quelltext änneren]- Ardoin, John: Maria Callas und ihr Vermächtnis (engl. = The Callas Legacy). Aus dem Engl. von Tilmann Waldraff. München. Noack-Hübner. 1979.
- John Ardoin, Maria Callas: Meisterklasse. Ein Übungsbuch für Sänger. 288 Seiten - Henschel Verlag. ISBN 3-89487-444-9. (Transkript der Meisterkurse an der New Yorker Juilliard School mit 25 Sängerinnen und Sängern.)
- Callas - Gesichter eines Mediums. München: Schirmer/Mosel 1993'. ISBN 3-88814-987-8
- Nicholas Gage: Griechisches Feuer. Maria Callas und Aristoteles Onassis. München. Blessing. 2001 (Orignalktitel s. u.)
- Stelios Galatopoulos: Maria Callas. Sonderausgabe. Fischer (S.), Frankfurt. 2001 (2. Aufl.) 574 Seiten. ISBN 3-10-024413-3.
- Jens Malte Fischer, 1995: Große Stimmen: Von Enrico Caruso bis Jessye Norman. Frankfurt/M. suhrkamp TB 2484.
- Jürgen Kesting: Maria Callas. Claassen, Düsseldorf 1990, ISBN 3-546-45386-7
- Gunna Wendt: Meine Stimme verstörte die Leute - Diva assoluta Maria Callas . 2006. Gebundene Ausgabe: 220 Seiten - Knaus. ISBN 3-8135-0237-6
- Gunna Wendt: Maria Callas oder Die Kunst der Selbstinszenierung. - 176 Seiten - Henschel Verlag. ISBN 3-89487-537-2.
Op Franséisch:
[änneren | Quelltext änneren]- Anne Edwards: Maria Callas intime (traduit de l'anglais par Marie-Claude Elsen). Paris: J'ai lu, coll. «Biographie», n° 7731, 2005. 409 p.-[16] p. de pl., 18 cm. ISBN 2-290-33777-3. Originaltitel s. u.
- Jacques Lorcey: L'art de Maria Callas. Paris, Éditions Atlantica, 1999 (réédition). 740 pages. ISBN 2-84394-168-7
- Jacques Lorcey: Immortelle Callas. Paris, Éditions Séguier, coll. «Empreinte», 2002 (réédition). Album illustré de format 21 × 21 cm, 140 pages. ISBN 2-84049-348-9
Op Englesch:
[änneren | Quelltext änneren]- Ardoin, John: The Callas Legacy, Duckworth, London, 1977
- Morgan, Brian, "On Her Centennial" [regarding "Callas Sings Rossini & Donizetti"], Uttering Lamentations, 2023, ISBN 979-8859701070.
- Edwards, Anne, Maria Callas, An Intimate Biography, St. Martin's Press, New York, 2001
- Gage, Nicholas: Greek Fire: The Story Of Maria Callas and Aristotle Onassis. ISBN 0-446-61076-3
- Gagelmann, Rainer Benedict, International Maria Callas Bibliography Archived June 23, 2018, at the Wayback Machine (includes almost 1,000 publications)
- Galatopoulos, Stelios: Maria Callas, Sacred Monster, Simon and Schuster, New York, 1998
- Lowe, David A. (ed.): Callas: As They Saw Her, New York, Ungar Publishing Company, 1986
- Salazar, Philippe-Joseph, "Le Mausolée Callas", Liberation, September 26, 1977.
- Seletsky, Robert E. (2004), "The Performance Practice of Maria Callas: Interpretation and Instinct", The Opera Quarterly, 20/4, pp. 587–602.
- Seletsky, Robert E., "Callas at EMI: Remastering and Perception"; "A Callas Recording Update"; "A Callas Recording Update...updated", The Opera Quarterly (2000), 16/2, pp. 240–255; 21/2 (2005), pp. 387–391; 21/3, pp. 545–546 (2005).
- Stancioff, Nadia: Maria Callas Remembered: An Intimate Portrait of the Private Callas, E. P. Dutton, 1987 ISBN 0-525-24565-0.
- Stassinopoulos, Arianna: Maria Callas: The Woman Behind the Legend, Simon and Schuster, New York, 1981
Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]Commons: Maria Callas – Biller, Videoen oder Audiodateien |