Millegässel
Geschierkëscht
Allgemeng
Drécken/exportéieren
Ausgesinn
Vu Wikipedia
Numm |
lb: Millegässel fr: Millegässel |
---|---|
Längt | 290 m |
Land | Lëtzebuerg |
Gemeng | Lëtzebuerg |
Uertschaft | Lëtzebuerg |
Quartier | Eech |
Postcode | 2156 |
Koordinaten |
49° 37’ 41.3’’ N 06° 07’ 41.2’’ O |
D'Millegässel ass eng Strooss zu Eech an der Stad Lëtzebuerg. Se geet vun der Millebaacher Strooss um westleche Bord vun der Eecher Plaz aus a Richtung Norde fort, iwwer d'Rue Émile Metz ewech bis bei den Eecher Bësch. Am ieweschten Deel geet en Aascht als Sakgaass no Weste fort.
Tëscht der Millebaacherstrooss an dem Eecher Bësch, op enger Längt vun 205 Meter, si 35 Héichtemeter z'iwwerwannen, wat eng Pente vun eppes méi wéi 17 % ausmecht.
Och wann et an der aler Gemeng Eech eng Rëtsch Mille gouf, sou dierft den Numm vun der Strooss op d'Eecher Bannmillen zeréckzeféiere sinn, déi laanscht der Millebaacherstrooss louch an an den 1960er Joren ofgerappt gouf[1].
Gebaier
[änneren | Quelltext änneren]Biller
[änneren | Quelltext änneren]-
An der Millegässel, ënnerzeg vum Eecher Bësch
-
Vun der Rue Émile Metz a Richtung Süde gekuckt
Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]Commons: Millegässel – Biller, Videoen oder Audiodateien |
Referenzen an Notten
[Quelltext änneren]- ↑ Evy Friedrich, 2002. Was bedeuten die Straßennamen der Stadt? Ons stad 26 (1987), S.17.