Nationalstrooss 5B
Péiteng - belsch Grenz (Attem) | |
---|---|
Land | Lëtzebuerg |
Gestioun | Administration des ponts et chaussées |
Ufank |
Péiteng, Nationalstrooss 5 |
Koordinaten | 49°33'23,22"N, 5°52'37,45"O |
Enn |
Attem, Nationalstrooss 88 (Belsch) |
Koordinaten | 49°33'38,38"N, 5°50'37,25"O |
Duerch | Péiteng |
Längt | 2,7 km |
Informatiounen a Websäiten | |
P & Ch | Beschreiwung vum Stroossennetz |
Fandom | Nationalstrooss 5B |
Laf an Uschlëss | |
Péiteng | N 5 |
N 5C | |
Kuer | |
N 31 | |
CR 111 | |
N 5D | |
Attem | N 88 |
D'Nationalstrooss 5B oder N5B ass eng kleng lëtzebuergesch Nationalstrooss am Kanton Esch-Uelzecht.
Se geet zu Péiteng vun der N5 vun der Kräizung Route de Luxembourg - Rue de l'Église aus an nordwestlecher Richtung fort, duerch d'Rue de l'Église, iwwer d'Kuer an d'N31, an dann no lénks duerch d'Rue d'Athus wou se am Flouer Schmëdd op d'N5D stéisst. Vu do aus leeft se viru bis op d'Grenz mat der Belsch. Hei geet se an déi belsch N88 iwwer.
Dat Stéck duerch d'Rue de l'Église ass nëmmen am Sens unique ze befueren. An der anerer Richtung muss een duerch N5C fueren.
D'N5B huet eng Kräizung mam CR111 (Rue de Linger).
Se ass zirka 2,7 km laang.
Entwécklung vun der N5B
[änneren | Quelltext änneren]Nodeems an den 1950er Joren déi haiteg N5 südëstlech laanscht Schuller gebaut gi war, hat d'Strooss déi duerch d'Duerf gelaf ass d'Nummer N5B, bis se 1958 deklasséiert gouf[1].
Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]Commons: Nationalstrooss 5B – Biller, Videoen oder Audiodateien |
- Iwwersiichtskaart vum nationale Stroossereseau op der Internetsäit vun der Bauverwaltung
Referenzen an Notten
[Quelltext änneren]- ↑ Loi du 5 mai 1958 concernant le reclassement partiel de la voirie et la reprise par l'Etat d'une série de chemins vicinaux. - Legilux. legilux.public.lu. Gekuckt de(n) 22.01.2021.