Mier
Dëse Geographiesartikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran. |
Dësen Artikel beschäftegt sech mat dem Gewässer. Fir d'weiblecht Päerd, kuckt wgl. Päerd. |
D'Mier ass e salzegt Gewässer dat ronderëm d'Kontinenter fléisst. 70 % vun der Äerd si vu Mierer bedeckt.
Déi gréisst Mierer ginn och Ozean genannt.
Salzgehalt vum Mierwaasser
[änneren | Quelltext änneren]D'Mierwaasser ass salzeg, well Mineraler dra sinn, déi am Laf vu Joermillioune vun de Flëss an d'Mier transportéiert goufen. Dat heefegst Salz am Mier ass den Natriumchlorid. Mä et fënnt een och aner léislech Mineraler, wéi z. B. Sulfat, Calcium a Magnesium. Den normale Salzgehalt vum Mier läit bei 3,5 %.
De Buedem vum Mier
[änneren | Quelltext änneren]De Buedem vun de Mierer besteet aus Bierger, déi bei wäitem méi grouss si wéi déi op der Landuewerfläch. Si gi mëttelozeanesche Réck genannt. Hei quëllt Magma aus der Äerd eraus a gëtt fest. Sou entsteet neie Mieresbuedem. Duerch déi Vergréisserung vum Mieresbuedem ginn d'Vulkaner, déi iwwer den Hot Spots entstane sinn, ëmmer méi wäit ewech vun hire Magmaquellen an erläschen. Mat der Zäit gi si ofgedroen a verschwannen zeréck am Mier. Déi bis ënner de Mieresspigel ofgedroe Vulkaner bilden Ënnerwaasserbierger.
Déi verschidde Mierer
[änneren | Quelltext änneren]Et ënnerscheet ee follgend Ozeaner:
- den Arkteschen Ozean (Nordpolarmier)
- den Atlanteschen Ozean (Atlantik)
- den Indeschen Ozean (Indik)
- de Pazifeschen Ozean (Pazifik)
- de Antarkteschen Ozean (Südpolarmier)
an hir Niewemierer. Zu hinne gehéieren ënner anerem:
- d'Chineesescht Mier
- d'Japanescht Mier
- d'Karibescht Mier
- d'Nordmier (oder -séi)
- d'Baltescht Mier (Ostséi)
- d'Mëttelmier
- d'Schwaarzt Mier
- d'Rout Mier
- d'Gielt Mier
Déi fënnef gréisst Mierer
[änneren | Quelltext änneren]Numm vum Mier | Lag | Fläch
(km²) |
Volumen
(km³) |
Duerschnëttlech
Déift (m) |
Küst
(km) |
---|---|---|---|---|---|
Pazifik | Tëscht Asien an Australasien an Amerika | (46,6 %) |
168.723.000(50,1 %) |
669.880.0003.970 | (35,9 %) | 135.663
Atlantik | Tëscht Amerika, Europa an Afrika | (23,5 %) |
85.133.000(23,3 %) |
310.410.9003.646 | (29,6 %) | 111.866
Indeschen Ozean | Tëscht dem südlechen Asien, Afrika an Australien | (19,5 %) |
70.560.000(19,8 %) |
264.000.0003.741 | (17,6 %) | 66.526
Antarkteschen Ozean | Tëscht der Antarktis an dem Pazifeschen, Atlanteschen an Indeschen Ozean
gëtt heiansdo als Ausdeenung vun dësen dräi Ozeanen ugesinn |
(6,1 %) |
21.960.000(5,4 %) |
71.800.0003.270 | (4,8 %) | 17.968
Arkteschen Ozean | An der Arktis, tëscht dem nërdlechen Nordamerika an Eurasien
gëtt heiansdo als e Randmier vum Atlantik ugesinn |
(4,3 %) |
15.558.000(1,4 %) |
18.750.0001.205 | (12,0 %) | 45.389
Total | (100 %) |
361.900.000(100 %) |
1.335.000.0003.688 | (100 %) | 377.412
Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]Commons: Mier – Biller, Videoen oder Audiodateien |