Ralph Diseviscourt
Ralph Diseviscourt | |
---|---|
De Ralph Diseviscourt beim Race Across America 2016 | |
Gebuer |
3. Juli 1976 Wolz |
Nationalitéit | Lëtzebuerg |
Aktivitéit | Vëlossportler |
Huet matgemaach bei | UCI Europe Tour 2012, UCI Europe Tour 2011, UCI Europe Tour 2009 |
De Ralph Diseviscourt, gebuer den 3. Juli 1976, ass e lëtzebuergesche Vëlossportler[1].
Am Race Around Austria nonstop iwwer 2.200 km a mat 30.000 Héichtemeter ass de Ralph Diseviscourt an 3 Deeg an 21 Stonnen (vum 11. bis de 15. August 2020) op déi 3. Plaz komm[2].
Den 11.-12. Juli 2020 huet de Ralph Diseviscourt um 5 km laangen Tour ronderëm d'Basenge vum Veianer Pompelspäicherwierk um Niklosbierg mat 915,39 Kilometer de 24-Stonne-Weltrekord opgestallt. Gläichzäiteg huet hien domat och nach 9 aner Rekorder opgestallt[3].
Hien huet 2019 de Glocknerman Ultra iwwer eng Distanz vun 1.000 km a 16.000 Héichtemeter a 34 Stonnen an 10 Minutte gewonnen[4]. De Glocknerman Ultra zielt als d'Weltmeeschterschaft an der Extremsportaart Ultravëlosmarathon.
2023 huet hien, ouni Ekipp am Réck, d'Tour des Stations, eng Course iwwer 1000 km an 26.000 Meter Héichtenënnerscheed an der Schwäiz gewonnen. Op der Arrivée hat hien eng Avance vun iwwer zwou Stonnen op de Fransous Victor Richard.