Roger Ludwig
Ausgesinn
Roger Ludwig | |
---|---|
Gebuer | 16. Januar 1933 |
Gestuerwen | 11. Abrëll 2009 |
Nationalitéit | Lëtzebuerg |
Aktivitéit | Vëlossportler |
Huet matgemaach bei | Olympesch Summerspiller 1952 |
De Roger Ludwig, gebuer de 16. Januar 1933 zu Manternach a gestuerwen den 11. Abrëll 2009 an der Stad Lëtzebuerg[1], war e lëtzebuergesche Vëlossportler an Olympionik.[2]
Hien huet Lëtzebuerg op den Olympesche Summerspiller 1952 zu Helsinki vertrueden[3]
Op der Stroosseweltmeeschterschaft am Vëlofueren 1952, déi zu Lëtzebuerg organiséiert gouf, gouf de Roger Ludwig an der Course fir Amateuren den Drëtten an huet d'Bronzemedail gewonnen.[4]
Auszeechnungen
[änneren | Quelltext änneren]- Chevalier de l'Ordre de Mérite du Grand-Duché de Luxembourg[5]
Kuckt och
[änneren | Quelltext änneren]- Portal Sport
- Lëscht vu lëtzebuergesche Sportler
- Lëscht vu lëtzebuergeschen Olympionicken
- Lëtzebuergesch Sportler vum Joer
Referenzen
[Quelltext änneren]- ↑ Lëtzebuerger Olympia Lexikon - Henri Bressler - Pierre Gricius - Georges Klepper - Éditions Schortgen - 2014 - ISBN 978-2-87953-197-7 Säit 241
- ↑ De Roger Ludwig op der Websäit vu sports-reference.com
- ↑ De Roger Ludwig op der Websäit vun der 'Association Luxembourgeoise des OLympiens'
- ↑ Lëscht mat de Medaillegewënner bei de Stroosseweltmeeschterschaften am Vëlofueren bei den Amateuren op www.sports123.com
- ↑ 30-06-2008:Promotion dans les ordres nationaux »: Les anciens « Olympiens » luxembourgeois à l'honneur