Royal Society
D'Royal Society mam ganzen Numm Royal Society of London for the Improvement of Natural Knowledge ass eng brittesch Geléiertegesellschaft fir d'Ënnerstëtzung vun de Wëssenschaften. Et ass déi national Akademie vun de Wëssenschafte vu Groussbritannien.
D'Royal Society gëtt reegelméisseg verschidden Auszeechnunge fir wëssenschaftlech Aarbechten eraus, ënner anerem d'Hughes-Medail, d'Copley Medail, d'Royal Medail an d'Sylvester Medail.
Auszeechnungen
[änneren | Quelltext änneren]D'Royal Society vergëtt zéng verschidde Medailen, sechs prizes an néng prize lectureships a jee no Auszeechnung, Medailen am Rhythmus vun engem, zwee oder dräi Joer.
D'Laureate vun de Medailen a prize lectureships gi vum Physical Sciences Awards Committee a vum Biological Sciences Awards Committee bestëmmt. Déi Kommiteeë bestinn aus Memberen („Fellows“) vun der Royal Society.
Englesch Bezeechnung | Lëtzebuergesch Bezeechnung | Ageriicht | Turnus (aktuell) | Beräich |
---|---|---|---|---|
Buchanan Medal | Buchanan Medail | 1897 | all zwee Joer (gerued Joren) | Medezin |
Copley Medal | Copley Medail | 1731 | all Joer | all Wëssenschaften |
Darwin Medal | Darwin Medail | 1890 | all zwee Joer (gerued Joren) | Biologie |
Davy Medal | Davy Medail | 1877 | all Joer | Chimie |
Gabor Medal | Gabor Medail | 1989 | all zwee Joer (ongerued Joren) | Geneetik a Molekularbiologie |
Hughes Medal | Hughes Medail | 1902 | all Joer | Physik |
King Charles II Medal | 1997 | onreegelméisseg | fir Staatsmänner, déi d'Fuerschung ënnerstëtzen | |
Leverhulme Medal | Leverhulme Medail | 1960 | all dräi Joer | Chimie an Chemiesingenieurswiesen |
Royal Medal | Royal Medail | 1826 | all Joer, dräi Medailen | zweemol Naturwëssenschaften, eemol ugewannte Wëssenschaften |
Rumford Medal | Rumford Präis | 1800 | all zwee Joer (gerued Joren) | Thermesch an optesch Materialeegeschaften |
Sylvester Medal | Sylvester Medail | 1901 | all dräi Joer | Mathematik |
Presidente vun der Royal Society
[änneren | Quelltext änneren]Eng Lëscht mat de wichtegste Presidente vun der Royal Society:
- William Brouncker (1662–1677)
- Sir Christopher Wren (1680–1682)
- Samuel Pepys (1684–1686)
- Sir Isaac Newton (1703–1727)
- Sir Joseph Banks (1778–1820)
- William Hyde Wollaston (1820–1820)
- Sir Humphry Davy (1820–1827)
- Lord Rosse (1848–1854)
- Sir Joseph Dalton Hooker (1873–1878)
- Thomas Henry Huxley (1883–1885)
- George Gabriel Stokes (1885–1890)
- William Thomson (1890–1895)
- Lord Rutherford of Nelson (1925–1930)
- Patrick Maynard Stuart Blackett (1965–1970)
- Lord May of Oxford (2000–2005)
- Lord Rees of Ludlow (2005-)
Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]Commons: Royal Society – Biller, Videoen oder Audiodateien |