Sekularisatioun
Dësen Artikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran. |
Sekularisatioun, ofgeleet vu saeculum, bedeit am allgemenge Sënn all Form vu Verweltlechung. Ursprénglech gouf de Begrëff benotzt fir d'Trennung vu Kierch a Staat ze beschreiwen.
Dëse Prozess gouf eréischt am Zäitalter vun de Lumières an am Humanismus ausgeléist, wéi ëmmer méi op Basis vu mënschlecher Vernonft geduecht ginn ass. Aktuell gëtt de Begreff als ëmfassende Prozess verstanen, deen enk mat der Moderniséierung verbonnen ass, an d'Verschwanne vun der Relioun am Alldag an e Réckgank vun de Kierchemembren, a generell reliéis Mënsche beschreift. Soziologesch gëtt dëse Prozess als "soziale Bedeitungsverloscht vu Relioun" bezeechent.
Hautdesdaags ass d'Sekularisatioun an der westlecher Welt stark progresséiert. Aktuell gëtt zu Lëtzebuerg iwwer d'endgülteg Trennung vu Staat a Kierch debattéiert. [Source?]