Op den Inhalt sprangen

Stéphanie Weydert

Vu Wikipedia
Stéphanie Weydert
Gebuer 30. Abrëll 1984
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Politiker

D'Stéphanie Weydert, gebuer den 30. Abrëll 1984 an der Stad Lëtzebuerg[1], ass eng lëtzebuergesch Politikerin (CSV).

D'Stéphanie Weydert huet Droit studéiert an dëse Studium mat jee engem Master op der Universitéit Aix-Marseille III, der Universitéit Paris II Panthéon-Assas an dem King's College London ofgeschloss. Si ass zanter 2011 um Lëtzebuerger Barreau ageschriwwen a vu Beruff Wirtschaftsaffekotin.[1]

Si gouf bei de Gemengewalen am Oktober 2017 an de Gemengerot vun der nei fusionéierter Gemeng Rouspert-Mompech gewielt, wou si Éischt Schäffin gouf. Nom Récktrëtt vum Romain Osweiler[2] gouf si am September 2022 als nei Buergermeeschtesch vereedegt.[3] No de Gemengewale vum 11. Juni 2023 gouf si an där Funktioun confirméiert.[4]

Bei de Chamberwale vum 8. Oktober 2023, fir déi si kandidéiert huet, gouf si net direkt gewielt, ass dunn awer den 21. November an d'Chamber nogeréckelt.[5]

Si war ausserdeem, vu Mäerz 2022 bis März 2024, zesumme mam Christophe Hansen, Generalsekretärin vun der CSV.[6]

Commons: Stéphanie Weydert – Biller, Videoen oder Audiodateien
Virgänger:
Paul Galles
Generalsekretär vun der CSV
2022 - 2024
Nofollger:
Françoise Kemp

Referenzen

[Quelltext änneren]
  1. 1,0 1,1 Fiche op paperjam.lu (gekuckt 2022-09-17).
  2. "Bürgermeister Romain Osweiler tritt zurück." wort.lu, 18.05.2022.
  3. "Bürgermeisterin Stéphanie Weydert im Interview: 'Die Fusion ist in manchen Köpfen noch nicht angekommen'." wort.lu, 17.09.2022.
  4. (fr)Assermentation des collèges des bourgmestre et échevins. mint.gouvernement.lu (04.07.2023). Gekuckt de(n) 04.07.2023.
  5. (fr)La Chambre est désormais complète. Chambre des députés du grand-duché de Luxembourg. Gekuckt de(n) 2023-11-21.
  6. "Congrès du CSV: Large soutien pour Elisabeth Margue et Stéphanie Weydert." wort.lu, 27.03.2022.