Op den Inhalt sprangen

Thérèse vun Avila

Vu Wikipedia
Thérèse vun Avila
E Portrait vun der Teresa vum spuenesche Moler Eduardo Balaca
Titel
Biographie
Reliéisen Numm Teresa vu Jesus
Gebuertsnumm Teresa Sánchez de Cepeda Dávila y Ahumada
Gebuer 28. Mäerz 1515 jul.
Ávila
Gestuerwen 15. Oktober 1582
Nationalitéit Spuenien, Kastilien
Papp Alonso Sánchez de Cepeda
Mamm Beatriz de Ahumada
Aktivitéit Schrëftsteller,
Philosoph,
Grënner vun engem Uerden,
Uerdensschwëster,
Dichter
Aner Informatiounen
Reliéisen Uerden Karmeliterinnneklouschter
Statut Kanoniséierten Hellegen
Gedenkdag 15. Oktober
Der Teresa hiert Graf zu Alba de Tormes a Spuenien

D'Thérèse vun Avila ((es)Teresa de Ávila), gebuer als Teresa Sánchez de Cepeda Dávila y Ahumada den 28. Mäerz 1515 am deemolege Kastilien (haut Spuenien) a gestuerwen de 15. Oktober 1582 zu Alba de Tormes bei Salamanca, war eng Karmeliterin an eng Mystikerin.

Si gëtt dacks déi „Grouss Thérèse“ genannt, fir se vun der Helleger Thérèse vu Lisieux (Thérèse vum Kand Jesus) z'ënnerscheeden, déi och déi „Kleng Thérèse“ genannt gëtt.

00Dëst Kapitel ass nach eidel oder onvollstänneg. Hëlleft wgl. mat, fir et ze komplettéieren.

An der chrëschtlecher Ikonographie gëtt d'Thérèse vun Avila am bronge Gewand vun de Karmeliterinnen ouni Schong, mat engem wäisse Vespermantel (Pluviale) an engem schwaarze Schleier duergestallt. Aner Attributer sinn d'Buch an d'Fieder, mat engem Häerz mam Christusmonogramm, mat Gäisselen, Dären an engem Feil, a mat der Dauf vum Hellege Geescht.

D'Thérèse gëtt als eng grouss Mystiker ugesinn. Si gouf 1614 séileggesprach, 1617 zur Patréinesch vu Spuenie genannt an 1622 helleggesprach. 1944 huet de Poopst Pius XII. si zur Patréinesch vun de Schachspiller deklaréiert.

Den 18. September 1965 huet de Paul VI. si zur Patréinesch vun de hispanesche Schrëftsteller ernannt a si gouf de 27. September 1970 Kiercheléierin, dat als éischt Fra an der Kierchegeschicht.

Fir un d'Thérèse vun Avila z'erënneren, huet de Stater Schäfferot de 6. Oktober 1997 déi Strooss, déi laanscht de Carmel um Zens leeft, no hir genannt: d'Rue Sainte-Thérèse-d'Avila[1].

Commons: Thérèse vun Avila – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen an Notten

[Quelltext änneren]
  1. Archives Ville de Luxembourg. www.archives-vdl.findbuch.net. Gekuckt de(n) 06.09.2024.