Ukulele
Dëse Museksartikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran. |
Ukulele | |
---|---|
Syn.: Cavaquinho, Machete | |
Klassifikatioun | Chordophon Zupfinstrument |
Klangbeispill | Klang ? / i |
Änlech Instrumenter | Balalaika, Banjo |
Eng Ukulele, och emol Ukelele, ass en hawaiiescht Säiteninstrument, dat ausgesäit wéi eng Kannergittar.
Den Numm
[änneren | Quelltext änneren]Den Numm Ukulele bedeit am Hawaiianeschen "eng Flou, déi spréngt". Dat bezitt sech op d'Fangeren, déi um Grëffbriet hin an hier sprangen.
D'Originnen
[änneren | Quelltext änneren]D'Ukulele staamt vun der portugisescher Machete respektiv dem Cavaquinho of, enger Laute mat véier Säiten, déi aus Madeira staamt, déi och a Brasilien wäit verbreet ass. Um Enn vum 19. Joerhonnert gouf d'Machada duerch Schëffer op de polyneseschen Insele bekannt.
Do gouf se ëmgedeeft a krut den Numm Ukulele.
D'Ukulele ass dat populäerst Volleksinstrument a ganz Polynesien, a gouf méi spéit och vun der Popmusek iwwerholl.
Am Billy Wilder sengem Film Some Like It Hot spillt d' Marilyn Monroe an der Roll vun der Sugar op enger Ukulele.
E puer vun de beléiftensten däitsche Tëlee-Entertainer, de Götz Alsmann an de Stefan Raab benotzen d'Ukulele.
Illustratiounen
[änneren | Quelltext änneren]-
Ukelele
-
Cavaquinho / Machete
Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]Commons: Ukulele – Biller, Videoen oder Audiodateien |