Unuk (Stär)
Unuk α Serpentis | |
Stärebild: | Serpens |
Daten | |
Spektralklass: | K2III / A3 / ? |
Visuell Magnituden: | 2,63 / 11.8 / 13 |
Liichtkraaft: | 70*Sonn / ? / ? |
Mass: | ? / ? / ? |
Duerchmiesser: | 15 * Sonn / ? / ? |
Radialvitess: | ? / ? |
Koordinaten: | A:15:44:16,1 D:06:25:32.0 |
Aner Bezeechnungen | |
Unukalhai - Cor Serpentis - 24Serpentis HR 5854 - HD 140573 - SAO 121157 HIP 77070 - ADS 9765 - CCDM 15442+0626 | |
Den Unuk (α Ser / α Serpentis) läit ongeféier 73 Liichtjoer vun eis ewech. Et ass en Dräifachstäresystem am Stärebild Serpens.
Den α Serpentis A ass en orange Stär vun der Spektralklass K2III mat enger visueller Magnitude vu +2,7 mag. Dëse Stär huet déi 70-fach Hellegkeet bei enger Uewerflächentemperatur vu 4300 Kelvin an dem 15-fache Radius vun eiser Sonn.
58 Bousekonnen ewech läit den α Serpentis B (Spektraltyp A3) mat enger visueller Hellegkert vun 11.8 mag; den α Serpentis C, ass e Stär mat 13. Magnitude, a läit 2.3 Bouminutte vun A ewech.
Den Numm Unuk ass eng Ofkierzung vun Unuk al Hay (och Unukalhai, Unuk Elhaia ë. a.) a bedeit sou vill wéi "Hals vun der Schlaang". Den α Serpentis gëtt och "Cor Serpentis" (lat. "Häerz vun der Schlaang") genannt.
Koordinaten (Equinoxe 2000)
- Rektaszensioun 15h44m16s
- Deklinatioun +6°25'32"