Véronique Linster
Véronique Linster | |
---|---|
Gebuer |
13. Juni 1968 Lëtzebuerg |
Nationalitéit | Lëtzebuerg |
Aktivitéit | Sportler |
Gréisst | 168 cm |
Gewiicht | 56 kg |
Kompetitiounsklass | Liichtathleetik |
Huet matgemaach bei | Olympesch Summerspiller 1996 |
Famill | |
Bestuet mat | Frank Arendt |
D'Véronique Linster, gebuer den 13. Juni 1968[1], ass eng fréier lëtzebuergesch Liichtathleetin an Olympionickin.[2]
Karriär[3]
[änneren | Quelltext änneren]D'Véronique Linster huet hir Sportskarriär am Sprint a Wäitsprong an der Spora ugefaangen, wou se 1982 hir éischt Lizenz krut. Wärend hirem Studium zu Léiwe fir Sportprofessesch ze ginn, huet si sech ëmorientéiert an huet Siwekampf gemaach (an deem se zäitweis de Landesrekord gehalen huet) an duerno huet se Hürdensprint gemaach.
Si huet 1994 op der Liichtathleetik-Europameeschterschaft zu Helsinki an 1995 op der Weltmeeschterschaft zu Göteborg matgemaach. An der Preparatioun fir d'Olympesch Summerspiller 1996 zu Atlanta hat si Problemer fir d'COSL-Norm vun 13''40 fir 100-m-Hürden z'ënnerbidden. Si gouf schlussendlech qualifizéiert, obwuel hir eng Honnertstelsekonn gefeelt huet.
D'Véronique Linster koum zu Atlanta ënner 44 Konkurrentinnen aus 28 Natioune mat enger Zäit vun 13''47 an der Serie op d'Plaz 6 a war domat eliminéiert.[4]
Joer | Manifestatioun | Stad / Land | Plaz | Kompetitioun | Zäit |
1985 | Spiller vun de klenge Länner | Serravalle, San Marino | 2. | 4 × 100 m Staffel | 49.29 |
1989 | Spiller vun de klenge Länner | Nikosia, Zypern | 3. | 4 × 100 m Staffel | 48.28 |
1993 | Spiller vun de klenge Länner | Malta | 3. | 100 m | 12.25 |
3. | 100 m Hürden | 14.42 | |||
1994 | Jeux de la francophonie | Bondoufle, Frankräich | 9. | 100 m Hürden | 13.61 |
Liichtathleetik-EM | Helsinki, Finnland | 26. | 100 m Hürden | 13.68 | |
1995 | Spiller vun de klenge Länner | Lëtzebuerg, Lëtzebuerg | 1. | 100 m | 11.80 |
2. | 100 m Hürden | 13.45 | |||
Liichtathleetik-WM | Göteborg, Schweden | 30. | 100 m Hürden | 13.74 | |
1996 | Olympesch Spiller | Atlanta, USA | 36. | 100 m Hürden | 13.47 |
1997 | Liichtathleetik-Hale-WM | Paräis, Frankräich | 21. | 60 m Hürden | 8.37 |
Beruff a Privates
[änneren | Quelltext änneren]Vu September 1995 u war si Sportsproff am LTMA zu Péiteng a vu Mäerz 2014 bis 2022 Presidentin vum Conseil supérieur des sports zu Lëtzebuerg[5].
D'Véronique Linster ass mam Basketballspiller Frank Arendt bestuet; d'Koppel huet zwee Bouwen(Stand: 2008)[6].
Kuckt och
[änneren | Quelltext änneren]- Portal Sport
- Lëscht vu lëtzebuergesche Sportler
- Lëscht vu lëtzebuergeschen Olympionicken
- Lëtzebuergesch Sportler vum Joer
Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]- Was wurde eigentlich aus... Véronique Arendt-Linster, In: Revue, nº (10.04.2002), p. 28.
Referenzen
[Quelltext änneren]- ↑ (fr)NAISSANCES. Luxemburger Wort, 121. Jg., n° 167/168, p. 13. (15.06.1968). Gekuckt de(n) 18.06.2024.
- ↑ D'Véronique Linster op der Websäit vu sports-reference.com
- ↑ Gricius, Pierre. Luxemburger Sportlerinnen bei den olympischen Spielen 1924 - 2012. Luxembourg: Conseil national des femmes, 2013. Print. S. 62-63. ISBN 978-2-9599734-5-1
- ↑ D'Veronique Linster op der Websäit vun der 'Association Luxembourgeoise des Olympiens'
- ↑ (fr)Arrêté ministériel du 6 juin 2018 portant nomination des membres du Conseil Supérieur des Sports pour un nouveau mandat de 4 ans. data.legilux.public.lu (06.06.2018). Gekuckt de(n) 18.06.2024.
- ↑ (de)Die Genießerin. Revue, p. 52. (02.08.2008). Gekuckt de(n) 18.06.2024.