Weilerbaach
Ausgesinn
Dësen Artikel beschäftegt sech mat der Uertschaft Weilerbaach. Fir aner Bedeitungen, kuckt wgl. Weilerbaach (Homonymie). |
Weilerbaach | |
---|---|
Foussgängerbréck iwwer d'Sauer zu Weilerbaach (2008) | |
An anere Sproochen |
fr: Weilerbach de: Weilerbach |
Land | Lëtzebuerg |
Kanton | Iechternach |
Gemeng | Bäerdref |
Buergermeeschter | Joé Nilles |
Awunner | 225[1] |
01.01.2017 | |
Héicht | 192 m |
Koordinaten |
49° 50’ 02’’ N 06° 22’ 55’’ O |
Weilerbaach ass eng Uertschaft an der Gemeng Bäerdref.
Geographie
[änneren | Quelltext änneren]Weilerbaach läit op der Sauer tëscht der Bollenduerfer Bréck an Iechternach.
Vis-à-vis, op der däitscher Säit vun der Sauer, läit Weilerbach, dat zu der Uertschaft Bollendorf gehéiert. Eng Foussgängerbréck iwwer d'Sauer verbënnt déi zwou Uertschaften.
An der Weilerbaach ass zanter dem Enn vun den 1990er Joren, an engem fréiere Sanatorium (dem Institut Heliar), en Asylantenheem amenagéiert, iwwer dat de Yann Tonnar am Joer 2008 den Dokumentarfilm Weilerbach gemaach huet.
Geschicht
Tëscht 1862 an 1964 gouf et an der Weilerbaach eng Gare op der Eisebunnsstreck Ettelbréck-Waasserbëlleg (Sauerstreck).
Kuckt och
[änneren | Quelltext änneren]- Nicolas Neuens, de Grënner vum Institut Heliar
- Lëscht vun de Lëtzebuerger Gemengen
- Lëscht vun de Lëtzebuerger Uertschaften
- Lëtzebuerger Kantonen
- Entwécklung vun der Gemengenzuel zu Lëtzebuerg
- Lëscht vun de Lëtzebuerger Stied
Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]Commons: Weilerbaach – Biller, Videoen oder Audiodateien |
Referenzen
[Quelltext änneren]- ↑ Gemengenzeitung 4/2016, S.61