Wenzel Profant
Wenzel Profant | |
---|---|
Gebuer |
21. Juli 1913 Diddeleng |
Gestuerwen |
20. Januar 1989 Lëtzebuerg |
Nationalitéit | Lëtzebuerg |
Aktivitéit | Moler, Sculpteur |
Huet matgemaach bei | Olympesch Summerspiller 1936 |
De Wenzel Profant, gebuer den 21. Juli 1913 zu Diddeleng, a gestuerwen den 20. Januar 1989 zu Lëtzebuerg, war e Lëtzebuerger Moler a Sculpteur, mam Lucien Wercollier ee vun de bekanntsten am Lëtzebuerger Land.
Säi Liewen
[änneren | Quelltext änneren]De Resistenzler
[änneren | Quelltext änneren]De Profant war am Zweete Weltkrich aktive Resistenzler. Hie war mam Albert Wingert, Raymond Arensdorff a Jean Doffing Grënner vun der Alweraje.
Hie gouf vun der Gestapo verfollegt an ass an d'Ausland geflücht. Säi Wee huet iwwer Frankräich gefouert, wou hie sech an d'Friemelegioun gemellt huet. Dat huet hien iwwer Spuenien an Nordafrika gefouert. Vun do ass hien an England gaangen, fir sech an déi englesch Arméi ze mellen. Do koum hie bei d'Falschiermjeeër. Wéi hien op Lëtzebuerg zeréckkoum, war e Läitnant an der amerikanescher Arméi.
De Kënschtler
[änneren | Quelltext änneren]Hien huet Lëtzebuerg op den Olympesche Summerspiller 1936 zu Berlin als Sculpteur vertrueden.[1]
De Wenzel Profant huet abstrakt Wierker geschaf, déi en zu Lëtzebuerg an och am Ausland ausgestallt huet. De Schrëtt zur Abstraktioun huet hien 1950-1954 gemaach. Hie war Matgrënner vum Mouvement vun den Iconomaques. Vu sengem Charakter hir war hien e ganz bescheidene Mann.
Hie war e Frënd vum Frantz Kinnen, en eegesënnege Lëtzebuerger Moler, mat deem d'Relatiounen net ëmmer liicht waren.
Säi Liewensowend
[änneren | Quelltext änneren]Vum 28. August 1986 bis zu sengem Doud huet hie mat senger zweeter Fra zu Bech-Maacher gelieft. Déi Zäit hat hien zu Schwéidsbeng um Lieu-dit "Wäisseställchen" en Atelier ënner fräiem Himmel. Hie gouf um Kierfecht zu Bech-Maacher begruewen. Op sengem Graf steet eng vu sengen eegene Sculpturen déi hie La roue de la vie geannt hat.
Seng Wierker (Auswiel)
[änneren | Quelltext änneren]- Épanouissement, Skulptur, 1987, virum Lycée Robert-Schuman um Boulevard Emmanuel Servais zu Lëtzebuerg.
- Métamorphose, Skulptur, 1980, Thermalbad zu Munneref.
- Unioun, Skulptur, an der Zentralschoul zu Welleschten.
- Eng Gedenkplack um Kierfecht zu Welleschten zum Undenken un d'Wellëschter Jongen, déi am Krich gefall sinn,
- E Steerelief an der Schëfflenger Kierch, dat den hellege Mäerten, de Patréiner vun der Kierch, duerstellt. D'Gesiicht dovun ass dem Profant Wenzel säint.
- Eng hëlze Statu vum hellege Jousef mam Jesus an der Schëfflenger Kierch. Dem Jesuskand säi Gesiicht ass dat vum Wenzel Profant sengem Jong.
- E Bild um Giewel vun der Schëfflenger Gemeng.
- Reliefaarbechten um Escher Stadhaus.
Ausstellungen
[änneren | Quelltext änneren]- 2009: Vum 17. bis den 23. Januar am Groussherzog-Jean-Sall vun der Schëfflenger Gemeng bei Geleeënheet vum 20. Doudedag vum Kënschtler. Do waren eng 30 Skulpturen ausgestallt, déi am Besëtz vu sengem Jong sinn.
Literatur
[änneren | Quelltext änneren]- Linda Eischen, 2008. La collection luxembourgeoise du Musée national d'histoire et d'art: Wenzel Profant. Ons Stad 88, S. 69-71.
- Elly Neumann-Baumert, 1982. La Sculpture de Wenzel Profant de 1950-1982. Monographie. Imprimerie St. Paul, Lëtzebuerg.
Illustratiounen
[änneren | Quelltext änneren]-
Épanouissement
-
Signatur vum W. Profant
Gielercher
[änneren | Quelltext änneren]- Chevalier vum Ordre de Mérite du Grand-Duché de Luxembourg (Promotioun 1974)[2]
Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]Kuckt och
[änneren | Quelltext änneren]Referenzen
[Quelltext änneren]- ↑ De Wenzel Profant op der Websäit vu sports-reference.com
- ↑ Pour leurs mérites dans le domaine culturel op der Säit 3 vum Luxemburger Wort vum 26. Juni 1974 op eluxemburgensia.lu gekuckt de 24. Dezember 2022