William Bouguereau
William Bouguereau | |
---|---|
Gebuertsnumm | Adolphe Williams Bouguereau |
Gebuer |
30. November 1825 La Rochelle |
Gestuerwen |
19. August 1905 La Rochelle |
Nationalitéit | Frankräich |
Educatioun | École nationale supérieure des beaux-arts |
Aktivitéit | Moler |
Member vun | Académie des beaux-arts |
De William Bouguereau,[1][2][3] gebuer den 30. November 1825 zu La Rochelle, an do gestuerwen den 19. August 1905, war e franséische Moler. Hie gëllt als e Meeschter vun der Akadeemescher Konscht.
Biographie
[änneren | Quelltext änneren]Hie war de Jong vun engem kathoulesche Wäinhändler mat engleschen Originnen. D'Quellen iwwer säi richtegen Numm sinn zweedeiteg: verschiddener ginn ëm den Numm William Adolphe Bouguereau, aneren no heescht en Adolphe William Bouguereau. Am Allgemenge gëtt den Numm William Bouguereau benotzt.
De Bouguereau huet d'Molerei an der École des Beaux-Arts zu Bordeaux (1846) an duerno zu Paräis am Atelier vum François-Édouard Picot geléiert, wou hien d'Akademesch Konscht studéiert huet.
Hien huet sech séier zu engem gefrote Moler établéiert an huet seng Biller deier a Frankräich, der Belsch, Holland, Spuenien, mä haaptsächlech an d'USA verkaaft. Amerikanesch Millionäre ware ganz u senge Wierker intresséiert, soudatt de franséische Staat 1878 fir dem Bouguereau seng éischt Retrospektiv nëmmen 12 Biller konnt zesummebréngen, de Rescht war an den USA.
1888 gouf hie Professer an der École des Beaux-Arts an an der Académie Julian zu Paräis. De Lëtzebuerger Moler Eugène Mousset war ee vu senge Schüler.[4]
Hien ass 1905 zu La Rochelle am Alter vun 79 Joer un engem Häerzinfarkt gestuerwen.
Wierk
[änneren | Quelltext änneren]De William Bouguereau huet haaptsächlech Allegorien zu klasseschen an historeschen Theme gemoolt. Vill vu senge Biller hunn algriichesch oder alréimesch Virbiller, wéi zum Beispill Les Nymphes et le Satyre (1873), Dante et Virgile en enfer (1850) oder La Naissance de Vénus (1879).
No 1920 ass dem Bouguereau säi Wierk laang an de Vergiess geroden, haaptsächlech well hie sech géint d'Opkomme vun den Impressioniste gewiert huet déi sech no an no établéiert hunn. An deene leschte Joerzéngten ass et lues a lues erëm nei entdeckt ginn.
Galerie
[änneren | Quelltext änneren]1850er
[änneren | Quelltext änneren]-
Dante et Virgile en enfer (1850)
-
Portrait d'Amelina Dufaud Bouguereau (1850)
-
Portrait d'Eugène Bouguereau (1850)
-
Portrait de Geneviève Bouguereau (1850)
-
Portrait de Léonie Bouguereau (1850)
-
Portrait de Monsieur M. (1850)
-
Amour Fraternel (1851)
-
Arion sur un cheval marin (1855)
-
Bacchante sur une panthère (1855)
-
La Danse (1856)
-
La Charité (1859)
-
Le jour des morts (1859)
1860er
[änneren | Quelltext änneren]-
Tobias disant au-revoir à son père (1860)
-
Jeune femme contemplant deux enfants qui s'embrassent (1861)
-
Les Remords d'Oreste (1862)
-
La prière (1865)
-
Souppe (1865)
-
Premières Caresses (1866)
-
Bohémienne au tambour de basque (1867)
-
Yvonnette (1867)
-
La grappe de raisin (1868)
-
Jeune bergère (1868)
-
La soeur aînée (1869)
-
La Faneuse (1869)
-
La Couseuse (1869)
-
Admiration maternelle (1869)
-
La lavandière de Fouesnant (1869)
-
Jeune ouvriere (1869)
-
Seule au monde (virun 1867)
1870er
[änneren | Quelltext änneren]-
Baigneuse (1870)
-
Frère et soeur bretons (1871)
-
Jeune Italienne puisant de l'eau (1871)
-
Le lever (1871)
-
Pendant l'orage (1872)
-
La proposition (1872)
-
Nymphes et Satires (1873)
-
La fileuse (1873)
-
Enfant tressant une couronne (1874)
-
Homer et son guide (1874)
-
Après le bain (1875)
-
Au bord du ruisseau (1875)
-
Cupidon (1875)
-
Flora et Zephyr (1875)
-
Berceuse (1875)
-
La Vierge, l'enfant Jesus et Saint Jean Baptiste (1875)
-
La charité (1878)
-
La nymphée (1878)
-
Retour de la moisson (1878)
-
Au bord du ruisseau (1879)
-
La naissance de Vénus (1879)
-
Le repos (1879)
-
Jeunes bohémiennes (1879)
-
La Frileuse (1879)
-
Tricoteuse (1879)
-
Mademoiselle Elizabeth Gardner (1879)
-
La Baigneuse (1879)
1880er
[änneren | Quelltext änneren]-
Flagellation de Notre Seigneur Jésus Christ (1880)
-
La tentation (1880)
-
Jeune fille se défendant contre Éros (1880)
-
L'aurore (1881)
-
Vierge aux anges (1881)
-
Humeur nocturne (1882)
-
La tricoteuse (1882)
-
Les noisettes (1882)
-
Alma Parens (1883)
-
La nuit (1883)
-
Biblis (1884)
-
La leçon difficile (1884)
-
La bourrique (1884)
-
Baigneuse accroupie (1884)
-
L'étoile perdue (1884)
-
La jeunesse de Bacchus (1884)
-
Jeune fille allant à la fontaine (1885)
-
Jeune bergère (1885)
-
La soeur aînée (1886)
-
Le printemps (1886)
-
Autoportrait présenté à M. Sage (1886)
-
La soif (1886)
-
Frère et soeur (1887)
-
Jeune bergère debout (1887)
-
Premier deuil (1888)
-
Étude - tête de petite fille (1888)
-
L'Amour et Psyché, enfants (1889)
-
La jeune bergère (1889)
-
Pastourelle (1889)
-
Jeune fille au crochet (1889)
1890er
[änneren | Quelltext änneren]-
Bohémienne (1890)
-
Câlinerie (1890)
-
Amour à l'affût (1890)
-
Portrait de Gabrielle Cot (1890)
-
La cruche cassée (1891)
-
Le travail Interrompu (1891)
-
Psyché (1892)
-
Le guêpier (1893)
-
Jeunesse (1893)
-
Après le bain (1894)
-
Bacchante (1894)
-
Pâquerettes (1894)
-
La palme (1894)
-
Le Ravissement de Psyche (1895)
-
En pénitence (1895)
-
Fardeau agréable (1895)
-
La brise du printemps (1895)
-
Une vocation (1896)
-
A la fontaine (1897)
-
Compassion (1897)
-
Irène (1897)
-
La révérence (1898)
-
Étude - tête de jeune fille (1898)
-
Inspiration (1898)
-
La couturière (1898)
-
Douleur d'amour (1899)
-
Fille portant des citrons (1899)
-
Bacchante (1899)
Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]Commons: William Bouguereau – Biller, Videoen oder Audiodateien |
- ↑ Fiche vum William-Adolphe Bouguereau op der Websäit vum Louvre
- ↑ Fiche vum William-Adolphe Bouguereau op der Websäit vum Musée d'Orsay
- ↑ D'Wierk Le Jour des morts op der Websäit vum Musée des Beaux-Arts de Bordeaux
- ↑ Der Werdegang eines Sechzigjährigen: Eugen Mousset, der Schneemaler 28.9.1877—28.8.1837, Luxemburger Wort Nr. 131 vum 10. Mee 1940, S. 7